Samschdeg, 2. August 2025

Cycle 3


Generalprouw vam Krëppespill "Stäre-Stonnen"

2015-12-18

Wéi all Joors hat eis Reliounsjoffer Hoffmann Christiane o dëst Joor rëm engt Krëppespill mat intresséierte Kanner aus deene verschiddene Cyclen op d'Bee gestalt. Dëst Joor stung d'Krëppespill ënnert dem Motto "Stäre-Stonnen".

Op dër Bühn konnt ee feststellen, dat d'Kanner hir Roll, vam klenge Schoof, iwert divers Stären bis hën zum David, gudd astudéiërt haaten an hirt Best giän han fir hir Alterskollegen am Sall mat hirëm Spill matzerappen.

Sie han sich verdingterweis dann o vill Applaus ageheimst an am Schluss hat dee ganze Sall mat "gerockt" beim Aafschlossligd "Let it shine".

Wee lo intresséiërt ass daat ganzt Krëppespill live an a Faarw matzeerliäwen, ass den 24. Dezember 2015 härzlich op BOXER an d'Kiirch invitéiërt, wou d'Kanner um 17.00 Auër dann o viraan "groussem" Publikum spillen.

Noom Krëppespill ass dann na eng Kannersegnung an da kannen d'Famillen dono Hällgerowend doheem am klengen oder grousse Krees begoën!

D'Schoul um Kiemel wënscht eech all besënnlich an erholsam Feierdeeg an da gesi mër äis all gesond a monter a gudd erholt am neië Joor rëm!



Adventszirkus

2015-12-14

Ewéi all Joër hann Kanner aus deenen eenzelnen Klassen duärrefen eng "Dier" aus eisem groussen Schouladventskalenner obman. Chrëstkëndchen hat den Klassen 3.B an 2.C dëst Joër ee Bong fir an den Adventszirkus an Staat dragelaacht. Hei e par Andréck van der grousser Rees an dem schéinen Zirkus.



D'Schoul um Kiemel bedeeligt sich den 21. an 22. November aam Bazar vam Foyer Eislécker Heem

2015-11-21

Wéi üblich bedeeligt sich d'Schoul Um Kiemel o dëst Joor rëm um Bazar vam Foyer Eislécker Heem va Lëlljen. An deene leste Schoulwochen an Deeg gouf fläissig gebastelt a gebaak, sou dat d'Schoulkanner o dëst Joor rëm kënne mathëllefen duurch de Verkoof van hiren Artiklen Suën fir d'Projetën vam Eislécker Heem kannen anzespillen.

Wee méi iwert de Bazar wëllt wossen kann dë Flyer am folgende PDF opmaën.

Mër free'ën äis lo well op Äre Besouch zu Lëlljen, wou Dër Äre Kanner hir Basteleiën kënnt kucken a viraan allem kënnt koofen.
 Bazar.pdf (1.17 MiB)



Photoën zum Summerfest 2015

2015-07-13

Wéi aagekënnigt gouf eist Summerfest dëst Joor fregdes, den 10.Juli aafgehaal. Van 8.00 Auer bis 16.00 Auer konnten d'Kanner déi eenzel Spiller an Ateliersform beséichen. Ab 16.30 Auër stungen dunn Präsentatiounen van deenen eenzelne Cyclen am Amphi um Programm, är d'Kanner dunn fräi an dën Ateliers konnten zirkuléiren.

Op engem sonnigen Daag stung dën dräi Organisateuren EV, MR an Schoul näischt an de Féiss, fir dat dëst Fest een Erfollig konnt giän.
Déi folgend Photoën, op deenen durchwee zefridde Gesiichter ze gesin sën, sën sëcherlich dee beste Beweis dofiir, dat Grouss a Kleng sich gudd ameséiërt han op eisem Summerfest.

Vill Spaass beim Kucken van de Biller!



Summerfest an dër Schoul Um Kiemel

2015-07-02

Ee Fregdig, den 10. Juli ass ët sowäit. Da feire mër eist Schoulfest an der Schoul um Kiemel.

Fir Déteiler, maat w.e.g dën PDF mam Flyer op. Da gët dër gewaar waat alles leeft.

Bis ee Fregdig dann!




Eischt Viregt Nächst Lescht