Samschdeg, 2. August 2025

Cycle 3


De Kleeschen beséicht d'Cyclen 2 bis 4

2019-12-04

Wéi all Joors haat de Kleeschen o dëst Joor rëm mat sengem schwarze Gesell dë Wee an eis Schoul fond.

Hei fand Dër dann déi passend Photoën aus dë Cyclen 2 bis 4.

Vill Spaass beim Raluussen an eech an viraan allem de Kanner engt schéint Nikloosfest doheem!



"Dën Zauberer van Oz" zu Wëntger an dër Schoul

2019-04-05

De 5. Abrëll han d'Kanner aus dëm Team 3 B no villem Pouwen dën "Zauberer van Oz" op dër Bühn vam Wëntger Centre culturel viraan begeesterten Schoulkoomeroden an Eltren opgefouërt.

Wen ee klengen Abléck an d'Zenerie wëll kreiën kann déi folgend Galerie opmaën.

Vill Spaass dobäi an eech all eng schéin an erholsam Oustervakanz.



Faasicht an dër Schoul

2019-03-05

Wen ee klengen Abléck wëllt kreiën wéi d'Faasicht an dër Schoul gefeiërt gouf, dee ka folgend Linken opmaën!

Vill Spaass beim Raluussen!

Faasicht an de Cyclen 2 an 3
Faasicht an der 2.1.B
Faasicht an der 2.2.B



Musikdaag 2018 fir d'Cyclen 2 an 3

2018-05-09

De 9. Mee 2018 haaten eis Cyclen 2 an 3 d'Enseignants aus dër Kliärrwer Musikschoul op Besuch, déi hinnen Blech- an Holzbloosinstrumenter, souwéi Percussiounsinstrumenter virgestalt han.

Am 1/2 Stonne- Rhythmus sën déi eenzel Gruppen an dräi verschidden Ateliers défiléiërt, wou sie op ganz anschaulich a verständlich Art a Weis de Fonctionnement van deene jeweiligen Instrumenter erklärt kruuten.

D'Enseignants aus der Musikschoul haaten o musikalisch ee flotte Programm virbereet, sou dat d'Kanner no all Atelier gudd animéiërt an informéiërt de Musiker dee néidigen Applaus gezollt han.

Am Enn vam Moiën hat d'Schoul um Kiemel der Kliärrwer Musikschoul wéi o dër Wëntger Musik, déi d'Percusiiounsinstrumenter zur Verfügung gestalt hat, Merci gesoot fir déi flott Initiativ, déi der Musikschoul wéi o de Musikveräiner aus der Emgegend hoffentlich par nei intresséiërt Kanner an hir Reihen brengt.

Demnächst wärten o na eis Cyclen 1 a 4 Besuch van dër Musikschoul kreiën. Am Cycle 1 steet eng Form van Eveil musical um Programm während de Cycle 4 ischter am Beräich vam Gesank wärt bedingt giän.

Soubaal dës Ateliers geloof sën haale mër eech a Bild an Text um Loofenden.

A fir eech lo ee kurzen Abléck an d'Präsentatioun vam 9.Mee ze giän hei am Anhang paar Photoën vam Daag.



Faasicht 2018 am Cycle 2 an 3

2018-02-10

Hei kann dër eech paar Biller aakucken wéi d'Faasicht an de Cyclen 2 an 3 bei äis an dër Schoul gefeiërt gouf.




Eischt Viregt Nächst Lescht