Méindeg, 3. November 2025

Cycle 2


"Rapp a Klapp an eiser Schoul...?"

2020-10-21

Mat hirem Programm "Rapp a Klapp an eiser Schoul...?" wooren hockt de Claude Kirsch an de Paul Christian van dër Police Dikkrich bei äis am Cycle 2 op Besuch, fir hiren Deel zur Gewaltpreventioun bäizedroën.

Mat engem ganz kandgerechten Optrëtt han déi zwee Polizisten an Zivil d'Thema Gewalt mat de Kanner opbereet.

Froën wéi: "Waat ass fir eech Gewalt?", "Waat ass een Täter?" "Winni ass een Täter / Affer?"
"Wéi kënne mër Gewalt vermeiden?" "Waat kanne mër maën wann Gewalt passéiërt?" goufen verbal an a Spiller erklärt an d'Kanner kruuten Gelegengeet fir hir Gedanken an Ängst mat deenen zwee Polizisten ze beschwätzen.

An dëm PDF ënnert dësem Artikel krëtt dër ee kurzen Iwerbléck iwert dën Aafloof van där Interventioun van dër Police bei äis am Cycle 2.

Enner folgendem Link kommt dër op ee Storyboard, wou dër de Paul an d'Kanner an Aktioun gesitt: Rapp a Klapp an eiser Schoul...?Gewaltprävention_2.1.BGewaltpräventioun_2.2.E




Zréck an d'Schoul de 25. Mee 2020 / Retour à l'école le 25 mai 2020

2020-05-15

Verschidden Dépliants a Brochüren erklären d'Modalitéiten van dër Reprise fir d'Eltren an hir Kanner:
Zwee Clipen adresséiren sëch direkt aan d'Kanner:

Plusieurs dépliants et brochures expliquent les modalités de la reprise et les gestes barrières à respecter par tous :

Deux clips animés s'adressent directement aux enfants :





Tagebéicher a work@home am Cycle 2

2020-03-26

Verschidden Titulaires aus dëm Cycle 2 sën op dë Wee gang, fir mat hire Kanner um Wee vam Télétravail "Tagebéicher" a Projets wéi "work@home" aanzelee'ën.

Wann dër um direkte Wee op dës Säite wëllt kommen, da wiällt einfach ee van deene folgende Linken aan!

Erklärungen fir d'Erstellen van Tagebéicher a Projets fand dër als Script hei drënner!



Permanencen giän annuléiërt / Les permanences sont annulées

2020-03-16

Opgrond van dën "drastischen Mesuren" van dër Regierung, déi dër Bevölkerung dën Owend am Kontext vam Coronavirus iwert ee Communiqué de presse matgedeelt goufen, entfällen déi proposéiërt Permanencen aus erklärliche Grënn.
Hat Dër also Froën aan d'Léierpersonal van Ärem Kand, biädde mër Eech dës iwer Telefon, respektiv iwer E-Mail ze stellen.


Tout en tenant compte des "mesures radicales" annoncées ce soir par le gouvernement dans le contexte du coronavirus, il est évident que les permanences proposées par le personnel enseignant sont suspendues.

Pour toute question éventuelle vous pouvez rejoindre l'enseignant de votre enfant soit par téléphone, soit par E-mail.



Permanencen am Cycle 2

2020-03-15

Wéinst dëm Coronavirus ass d'Schoul jo zou an d'Kanner han Aufgaben kriit, fir doheem ze maën.
Sollten an dem Kontext Froën optauchen kann Dër eech als Eltren an ischter Linn iwer Telefon oder iwer E-mail aan déi concernéiërt Léierpersoun wenden.
Sollten Froën opstoë bleiwen, déi nët op dësem Wee kanne geklärt giän, respektiv wëllt Dër Aarbichten van äre Kanner an dër Schoul laast brengen, bigd d'Personal aus dëm Cycle 2 Eech d'Méiglichkeet gelegentlich van Permanencen an dër Schoul laast ze kommen.
Am Tableau am Anhang fand Dër déi entsprechend Permanencen!

Mat frëndliche Gréiss: D'Personal aus dëm Cycle 2

A cause du Coronavirus il n'y a pas de cours et les enfants ont obtenu des travaux, qu'ils peuvent faire à la maison.
Pour le cas où il y aurait des questions dans ce contexte, vous pouvez rejoindre le titulaire de votre enfant par téléphone, voire par E-mail.

Pour tout problème qui ne peut pas être résolu par ces deux voies de commnunication, le personnel enseignant vous propose des heures de permanence, où vous pouvez soit poser vos questions, soit remettre des travaux effectués par vos enfants.

Dans le tableau annexé ci-dessous vous trouvez les heures de permanence.

Bien à vous: Le personnel du cycle 2




Eischt Viregt Nächst Lescht