Samschdeg, 3. Mee 2025

"Rapp a Klapp an eiser Schoul...?"

2020-10-21

Mat hirem Programm "Rapp a Klapp an eiser Schoul...?" wooren hockt de Claude Kirsch an de Paul Christian van dër Police Dikkrich bei äis am Cycle 2 op Besuch, fir hiren Deel zur Gewaltpreventioun bäizedroën.

Mat engem ganz kandgerechten Optrëtt han déi zwee Polizisten an Zivil d'Thema Gewalt mat de Kanner opbereet.

Froën wéi: "Waat ass fir eech Gewalt?", "Waat ass een Täter?" "Winni ass een Täter / Affer?"
"Wéi kënne mër Gewalt vermeiden?" "Waat kanne mër maën wann Gewalt passéiërt?" goufen verbal an a Spiller erklärt an d'Kanner kruuten Gelegengeet fir hir Gedanken an Ängst mat deenen zwee Polizisten ze beschwätzen.

An dëm PDF ënnert dësem Artikel krëtt dër ee kurzen Iwerbléck iwert dën Aafloof van där Interventioun van dër Police bei äis am Cycle 2.

Enner folgendem Link kommt dër op ee Storyboard, wou dër de Paul an d'Kanner an Aktioun gesitt: Rapp a Klapp an eiser Schoul...?Gewaltprävention_2.1.BGewaltpräventioun_2.2.E