Cycle 2

Neuer Stundenplan / nouvel horaire scolaire
2023-08-17Werte Eltern,
Hiermit möchten wir Sie darüber in Kenntnis setzen, dass mit Beginn des Schuljahres 2023/2024 ein neuer Schulstundenplan in Kraft treten wird.
Im Anhang finden Sie das Informationsschreiben der Gemeinde mit dem neuen Stundenplan.
Chers parents,
Par la présente, nous souhaitons vous informer qu'un nouvel horaire scolaire entrera en vigueur au début de l'année scolaire 2023/2024.
En annexe veuillez trouver la lettre d'information de la commune avec le nouvel horaire.

Mër verséissen dëm Marie-Paule seng Pensioun
2023-07-07Um Daag vam Summerfest van eiser Schoul, dën Daag kënnt also nët besser gewiällt sën, geet Habscheid Marie-Paule a seng verdingte Pensioun.
Fir him dën Abschied van dë Kanner a va senge Kolleg/Innen an dëm Léierpersonal bëssen ze verséissen kruut hat op sengem lesten Schaffdaag eng Corbeille mat Verwöhnprodukter an ee faarwigen Bouquet van dë Kanner aus dëm Bloumegärtchen an aus dëm Cycle 2 iwerreecht.
Virwaat graad van hinnen? Ma an deene leste Jooren woor d'Marie-Paule mat vill Härzblugd a gudder Laun ëmmer am Cycle 1 an 2 an dë Vestiäiren van dër Schwämm am Asatz fir honnerte va Kanner an d'Kleeder ze hëllefen, hinnen déi naass Fliichten ze drëchnen oder d'Schung ze strécken.
Dëm Marie-Paule dofir een décke Merci van dër ganzer Belegschaft an all dë Kanner van dër Schoul um Kiemel. Irgendwann an hirer Schoulcarrière hat d'Marie-Paule bestëmmt jidfererengem van hinnen gehollëf, fir dat ën aus dem naassen Element rëm mat Zäit zréck hannert déi méi drëche Matière an dëm Klassesall konnt kommen.
Dëm Marie-Paule a sengem Mann Robi da vill Spaass an dëm Marie-Paule senger verdingter Pensioun a losst eech zesaamen déi lecker Produitën aus dër Coopérative Lëllger Gaart gudd schmaachen.
Am Anhang da stellvertretend fir all Kanner aus dër Schoul eng Photo mat engem Echantillon aus dër Schoul um Kiemel.
A wann dën Abschied dëm Marie-Paule nët ze schwéiër fällt, da së mër frou, fir hat hockt an o op kommende Summerfester ënnert eise Gäst kannen ze begréissen!
» Galerie
D'Cliärwer Musikschoul op Besuch am Cycle 2
2023-05-04Hockt woor d'Cliärwer Musikschoul bei äis am Cycle 2 op Besuch, fir de Kanner d'Bloosinstrumenter virzestellen a fir bësse Reklamm an eegener Saach a fir d'Wëntger Musik ze maën. De Musiker een décke Merci fir dee flotten Break, den de Kanner vill Spaass gemaat hat. Mee o am Fall vam Erléiren van engem Instrument, genau wéi an dër Schoul an am Liäwen woor d'Erkenntnis: "Ohne Fleiss kein Preis"! Eech vill Spaass beim Raluussen an d'Galerie hei drënner.
» Galerie

Projet vum Cycle 2 mat der Résidence des Ardennes zu Klierf
2023-02-24Projet Altersheem
Mir vum Cycle 2 hunn een gemeinsamen Projet mat der Résidence des Ardennes zu Klierf gestart. 1x den Mount treffen mir eis zu Klierf am Altersheem, vir zesummen Aktivitéiten ze maachen. Dest kennen Baack-, Beweegungs-, Bastel-, Naturaktivitéiten sinn. Ofwiesselnd ginn d’Aktivitéiten rausgesicht. Eisen Projet ass emmer vun 14h-16h.
Projekt Altersheim
Wir, vom Cycle 2 haben ein gemeinsames Projekt mit der „Résidence des Ardennes“ in Clervaux gestartet. Einmal pro Monat fahren wir nach Clervaux, um dort zusammen mit den Bewohnern der Résidence Aktivitäten zu machen. Dies können Back-, Bewegungs-, Bastel- sowie auch Naturaktivitäten sein. Abwechselnd werden die Aktivitäten ausgesucht. Unser Projekt findet immer von 14 Uhr bis 16 Uhr statt.
Projet maison de retraite
Nous, du Cycle 2, avons lancé un projet commun avec la Résidence des Ardennes à Clervaux. Une fois par mois, nous nous rendons à Clervaux pour y faire des activités avec les résidents de la résidence. Il peut s'agir d'activités de pâtisserie, d'exercice, de bricolage ou de nature. Les activités sont choisies en alternance. Notre projet a toujours lieu de 14h à 16h.