Cycle 2

Schoulbuet fir d'Rentrée 2014-2015
2014-09-01D'Rentrée 2014-2015 wärt fir äis all eng speziell a ganz sëcher eng ganz emotional giän.
D'Tatsaach, dat dë Camille nët méi wärt mat derbäi sën wann ët heescht: "Mër fänken engt neit Schouljoor aan", ass schwéiër ze bagräifen an dach ass ët sou.
Villes van dem waat Dër an eisem neië Schoulbuet fir d' Rentrée 2014-2015 kannt noliäsen dréit na mat dëm Camille seng Handschrëft oder ass als Iddi mat op senger Mëst gewaas.
Hat Dër also Froën organisatorischer Natur, dann bleedert lo well online durch eise Schoulbuet oder waart op d'Print-Versioun, déi Dër an deene nächsten Deeg an Ärem Courrier wärt fannen.
Bis dohënner wënsche mër Eech na paar schéin an erhoslam Vakanzdeeg.

Summerfest 2014
2014-07-29Eist Schoulfest, daat dëst Joor fir d'ischt Kéiër ënnert dëm Naam "Summerfest" geloof ass, an daat an Zesaamenaarbicht tëscht Maison Relais, Eltrevereenigung a Schoul, aafgehaale gouf, sollt trotz durchwaassenëm Wiädder dach gudd beséicht sën.
Moiës hat een aafwiässlungsräiche Rallye all Intresséiërt van Wëntger iwer Béigen rëm zréck op Wëntger bei d'Schoul gefouërt.
Hei han d'Kanner dunn op verschiddenen iwerdeckten Platzen flott Spiller erwaart, während déi Grouss sich bei Gedrénks- an Eessstänn Rendez-Vous giän han.
Noomëttes han Kanner aus ënnerschiddliche Cyclen Opféirungen am Centre culturel gemaat, är d'Eltrevereenigung dë Kanner aus dëm Cycle 4.2. mat engem klenge Cadeau Äddi aus dër Wëntger Schoul gesoot hat.
Aafschléissend woor dann den traditionelle Foussballmatch tëscht Léiërersonal an dë Kanner, déi eis Schoul dëst Joor verlossen.

Storyboard Feuerwehr van dëm Team 2.B
2014-06-05We méi iwert d'Pomjee'ë wëllt wossen, de kann d'Storyboard vam Team 2.B hei opmaën a ralauschtren waat d'Kanner ze erziälle wossen no hirem Besuch bei dë Wëntger Pompjee'ën. Fir dën toun ze héiren brauch dër nëmmen op de Micro ze klicken, den sich am Bild befënd! A schon héiërt dër vill Neiës iwert d'Pompjee'ën.
Vill Spaass
Schoulsportdaag 2014
2014-06-02Infoën zum dësjährige Schoulsportdaag fand Dër um Link hei drënner.
An deene kommenden Deeg gët dës Säit dann o na mat passende Photoën zu den Aktivitéiten van deenen eenzelnen Cyclen aktualiséiërt!
Kuckt also bei Gelegenheet rëm eng Kéiër ran.