Home
News
Lernen vor Ort
2019-05-16Fir dat o d’Geschicht vam 2. Weltkrich a speziell d’Geschicht van dë Judden am 2. Weltkrich bei eise Kanner a Jugendlichen nët a Vergeessenheet geréit ass «De klenge Maarnicher Festival» all Joors beméit an dën Deeg noom Gedenkconcert Schülerdelegatiounen aus verschiddene Schoulen aus dër Emgegend op Fünfbrunnen ze invitéiren, fir do mat hinnen op dër Platz selwer ze eppes iwert d’Geschicht ze «léiren».
Niäwent dëm Wëltzer Lycée sën an dësem Kontext een Dasdig, den 7. Mee 2019 o zwou Klassen aus dem Cycle 4.2 aus dër Schoul um Kiemel Wëntger eng Visite op den Site zu Fünfbrunnen maë gang. Do aakomm goufen sie van dem Här Henri Juda an dem Här Marc Schoentgen empfongen. D'Kanner goufen an Gruppen opgedeelt, an han aan 2 verschidden Atelier’ën Deel geholt. D'Kanner aus dëm Cycle 4.2 C erziällen eech am PDF hei drënner waat sie dësen Daag marquéiërt hat:

D'Kanner aus dëm C1 spenden 650 € fir Télévie
2019-05-15Am Centre de promesse am Kiischelt han d'Kanner aus dëm C1 650 € fir Télévie gespendt. Dëst woor dën Erléis vam Verkoof van enger Ligder-CD, déi d'Kanner mat hire Joffren opgeholt a verkooft haaten.
Am Anhang dën Artikel aus dem LW.
» Galerie
Kolja a Galina op Besuch an dër Schoul um Kiemel
2019-05-13Den 13.5. 2019 haat de Bibliosgrupp d'Dany Gales op Wëntger an d'Schoul invitéiërt, fir am Cycle 2 hirt Bouch "Kolja a Galina" virzestellen.
Hei paar Abléck an déi "bewegt" Virstellung vam Bouch!
» Galerie

Schoulsportdaag 2019
2019-05-11Den 10. Mee gouf an eiser "Schoul um Kiemel" dë Schoulsportdaag 2019 organiséiërt.
Enner folgendem Link kann dër an deene folgenden Deeg Biller zu dësem Daag kucke goën.
Schoulsportdaag 2019

9. Mee: 2019 offizielle Feierdaag / 9 mai: jour férié officiel
2019-04-28De 9. Mee ass schoulfräi opgrond van dër Aféirung van engem neiën Feierdaag, dër "Journée de l'Europe", wou dër "Déclaratioun vam Robert Schuman" am Joër 1950 gedaacht gët.
Eee schéine Feierdaag!
La Journée de l'Europe sera célébrée le jeudi 9 mai 2019, en commémoration de la Déclaration de Robert Schuman en 1950.
Bonne fête!

