Samschdeg, 21. Mäerz 2026

Home

News


Summerfest 2019

2019-06-25

Hei fand dër dë Flyer zum Summerfest 2019, dat dëst Joor ganz ënnert dëm Zeechen vam Thema "Konst" steet.

 flyer.pdf (196 KiB)



Hitze

2019-06-25

Hei fannt Dir 5 gëllen Regelen fir déi aktuell Hëtzt ze bekämpfen.




News vun der Crèche / Les nouveautés de la crèche

2019-06-24

News vun der Crèche ab lo um Site! Gidd kucken!
Les nouveautés de la crèche désormais sur le site! Informez-vous!
 
Home > Maison Relais > Crèche Kiemelkiddies




Coupe scolaire 2019

2019-06-21

Bei guddem Wiädder han sich d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. ee Samsdig, den 15.06.2019 zu Aasselburren am Weyer Gaart getraff fir sich van hei aus an d'Coupe scolaire ze lancéiren.
No dër theoretischer Virbereedung an dër Schoul an enger praktischer Aféirung am Verkéiërsgaart zu Housen, déi an Zesaamenaarbicht mat dër Police gemmat gouf, hat een de Kanner op dësem "Examensdaag" trotzdem  eng gewëss Nervositéit aagemiärkt. Hockt mussten sie nämlich ouni d'Begleedung van engem Erwaassenen am normale Stroosseverkéiër beweisen, dat sie daat Geléiërt  an enger reeller Situatioun ëmsetze konnten.

Är d'Kanner sich ewer op hirt Raad konnte setzen han d'Policebeamten van dër Elwenter Brigade gekuckt op d'Reeder de Sëcherheetsnormen entspreechend richtig équipéiërt wooren. An d'Pompiers va Wëntger sou wéi d'Ambulanciers van Elwen han derviir gesuärrigt, dat déi jung Cyclisten sich a Sëcherheet konnte spiiren.

Um 9.30 Auër woor dunn alles prett an d'Kanner han sich op de Saadel geschwong fir eng "Testronn" um gudd gekennzeechente Parcours ze dréinen. Den 2. Tour gouf ët dunn eescht an ët diärft een sich lo kee Fehler méi am Stroosseverkéiër erlaben, well op de Kontrollposten gouf d'Fahrverhaalen van de Kanner bewert.

Géint 10.30 Auër woor d'Prüfungsituatioun du riwer an d'Kanner goufen no där Aastrengung fir d'ischt Mool mat engem Gedrénks an enger Mëtsch van de Vertreter van dër Eltrevereenigung fir hiren Asatz op dësem Samsdigmoiën belount.

An dono han sie sich na bëssen op dër Spillplatz ausgetobt, är all Kand zum Aafschloss säi "Radführerschäin" an engt Paar Radhänschen vam Bové Serge am Naam van dër Eltrevereenigung  iwerreecht kruut.

Mër free'ën äis well op d'Oplaag 2020 van dër Coupe scolaire.

 An dër Galerie paar Photoën vam Daag, déi dën Engelen Jeff geschoss hat!





Summerfest: Save the date

2019-06-10

Am Anhang fand dër déi néidig Infoën fir eist Summerfest 2019, dat dëst Joor dee 5. Juli 2019 aafgehaal gehaal gët.

Haalt eech den Daag also lo scho fräi.

En annexe veuillez trouver les informations en rapport avec le "Summerfest 2019".
Veuillez réserver cette date!




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot