Home
News

Save the date: Summerfest
2022-06-06ENDLICH erëm zesummen -
Spill a Spass um Kiemel
Haalt Iech lo schon Freides, den 8.Juli 2022 ab 16 Auer fräi fir eist SUMMERFEST.
D'Schoul, Maison Relais an d'Elterevereenung freeën sech fir Iech all do remzegesin. Vill flott Aktivitéiten wäerten Iech erwarden.
_________________
ENFIN ensemble -
Jeux et amusement "um Kiemel"
Réservez-vous le vendredi, 8 juillet 2022 à partir de 16 heures pour notre fête d'été.
L'école, la Maison Relais et l'association des parents seront contents de vous revoir. Beaucoup d'activités vous attendent.
D'Musikschoul aus dëm Kanton Cliärrëf op Besuch an dër Schoul um Kiemel
2022-05-10Den 3. an 10. Mee woor d'Musikschoul aus dëm Kanton Cliärrëf bei dë Cyclen 2 an 3 op Besuch fir d'Bloosinstrumenter virzestellen a fir bësse Reklamm an eegener Saach ze maën. No dër Presentatioun van denen eenzelnen Instrumenter han d'Musikanten de Kanner o flott, bekannt Melodiën virgespillt an han d'Kanner zum Matmaën animéiërt. D'Kanner an d'Léierpersonal haaten hire Spaass, goufen vill Neiës gewaar a mër wënschen dër Musikschoul an dë Musikveräiner, dat sie op dësem Wee dann nei Mëmbren kanne rekrutéiren.
» Galerie

Autorenlesungen an dër Schoul um Kiemel
2022-04-22Op Invitatioun van eisem Bibliosgrupp wooren hockt wooren mam Stefan Gemmel a mam Alexander Stefansmeier zwee bekannt Kannebouchautoren bei äis an dër Schoul op Besuch.
Sie han dë Kanner aus hiren bekannten Béicher virgeliäs, mee han de Kanner ewer een Abléck an d'Liäwen vam Erfahrung Kannerbouchautor an Illustrator giän.
D'Kanner han deenen zwee Autoren intresséiërt nogelauschtert, mee han o déi néidig Froën gestalt, wann sie zu Wuärt koumen.
Dëm Bibliosgrupp een décke Merci fir dës beräichernd Initiativ.
Infoën zu dën Auteuren an hire Béicher sou wéi Fotoën zum Daag fand dër an deene folgenden Linken.
Vill Spaass beim Raluussen!
Dën Ousterheeschen an dër Schoul um Kiemel
2022-04-01Neen, ët ass keen Abrëllsgeck! Um 1. Abrëll woor dën Ousterheeschen tatsächlich, trotz enger Schnéischauër, op Besuch an dër Schoul um Kiemel an haat fir déi eenzel Cyclen fläissig Är verstoppt. Dër Eltrevereenigung een décke Merci, dat sie dëm Ousterheeschen bei dëser Aktioun zur Hand gang ass.
Petterson und Findus zu Besuch in Wintger
2022-03-14Hier ein paar Fotos aus der Vorstellung der Harzer Puppenbühne, die das Stück "Ein Feuerwerk für Petterson und Findus" in der Schoul um Kiemel aufgeführt hat.
» Galerie

