Mëttwoch, 30. Abrëll 2025

Rapport van dër Generalversammlung van dër Eltrevereenigung

2022-11-16

D'Eltrevereenigung haat hir Generalversammlung ee Mondig, den 14.11. 2022 am Versammlungsraum iwert dëm Centre Culturel aafgehaal.

De Laurent Winkin, a senger Fonktioun als na amtéirende Präsident woor frou eng ganz Reih intresséiërt Eltren, Vertreter vam Léiërpersonal, van dër Gemeng a van dër Maison Relais kannen ze begréissen, är heen d’Wuärt aan d’Danielle Heintz iwergiän hat.

D’Präsidentin vam Schoulkomitee hat hir Mataarbichterinnen am Schoulkomitee, d’Dammen Tania Schmit a Nadine Majerus dunn zu Wuärt komme geloss, déi d’Wichtigkeet van dën Eltrevetreter erfirgehuäwen han. Kurz drop goufen dunn d’Dammen Josiane Pletsch, Joëlle Kreins an dën Här Edy Weber als Représentants vam Eltrecomité van dër Assemblée gudd geheescht.

D'Sekretärin van dër Eltrevereenigung, Marianne Lis, konnt a sengem déteilléiërte Rapport op d’Aktivitéiten vam vergangene Joor zréckblécken, wou niäwent Heckeplanzaktioun, Coupe scolaire, Oustereersichaktioun, an, an, an, … d’Summerfest als Highlight rausgestach hat.



Dono hat dën Caissier, Edy Weber, de Bilan van dër Kees gezuiën, den dëst Joor mat engem Gesamtboni van 7797,47 € ganz positiv ausgefall ass, dëst haaptsächlich bedingt durch een aussergewéinlich gudde Crû vam Summefest 2022.

Dë Buergermeester Marcel Thommes hat dë ganz aktive Vertreter van dër Eltrevereenigung am Naam va senge Gemengekollegen Merci gesoot fir hiren Engagement am Sënn vam Kand. Heen hat déi gudd Zesaameaarbicht tëscht Schoul, Gemeng an Eltrevereenigung erviirgestrach, déi zréckzeféire wiir op eng gudd Entente, déi iwer Jooren gewaas ass, dëst am Intresse van dë Kanner déi d’Schoul um Kiemel beséichen. Hen hat sich o erfreet gewisen iwert dën Engagement van dën Eltren am Eltrecomité, wou qualifizéiërt Léckt sich am Intresse van de Kanner aus dër Schoul fir déi kommend Jooren géifen verpflichten.

Dëm Winkin Laurent, den „d’Boot van dër Eltrevereenigung lo verléist“, well he keng Kanner méi am Fondamental hat, hat hen na ee besonnische Merci gesoot fir säin Dévouement a senger Fonktioun als langjährige Präsident är heen dër Eltrevereenigung na eng glécklich Hand fir daat nächst Joor gewënscht hat.

Am Naam van alle Comitésmëmbren hat dë Schinker Mike, a senger Fonktioun als Vizepräsident, dëm Laurent o na ee spezielle Merci gesoot fir säin Asatz am Sënn vam Kand an heen hat betount, dat dë Laurent um Aafschlosseessen am Januar dann na daat passend Geschenk nogereecht kriit.

No dër ordentlicher Generalversammlung stung dunn na eng Präsentation vam Daniel Silva va BEE SECURE mam Titel KINDER UND JUGENDLICHE IM INTERNET – EINE HERAUSFORDERUNG FÜR ELTERN um Programm. Dën Expert hat aa konkrete Beispiller erklärt wéi grouss d’Responsabilitéit van dën Eltren wiir, fir hir Kanner nët aleng mam Medium Internet ze lossen. Niäwent enger ganzer Reih positiver Aflëss gingen am Internet dach o ganz vill Gefooren op eis Kanner lauren, denen sie sich nët bewosst wiiren an déi sie o nët selwer kënnte geréiren. Ennër annerem goufen hei o folgend Froën geklärt: „Ab welchem Alter darf mein Kind ein Smartphone besitzen? Wie viel Zeit darf mein Kind vor Bildschirmen verbringen? Wie kann ich es vor Missbrauch und Cyber-Mobbing schützen?“

Ënner folgendem Link https://www.youtube.com/watch?v=ADpS6oK5zH4 oder mam Scannen van dësem QR -Code kann jidfer Intresséiërten sich aakucken waat eng Fallstudie, zum Thema „Quand les écrans sont une Drogue“, erausbraacht hat.

Am Aafschloss va sengem Virtrag hat hen all Léckt, déi dësen Owend présent wooren invitéiërt, sich de Film „The social dilemma“ aanzekucken. Wourëm geet ët hei? Abee, hei eng kurz Beschreiwung aus dëm INTERNET van dësem Dokumentaire, den een ënner annerem op NETFLIX fënd: „Experten aus dem Silicon Valley erklären, welche negativen Einflüsse Soziale Medien auf die moderne Gesellschaft haben können, da viele große Tech Unternehmen, diese Plattformen nutzen, um die Nutzer zu manipulieren und zu beeinflussen.“

Wen na méi zum Thema Internet wëll wossen oder wen eventuell Hëllëf brauch am Fall van Internetmëssbrauch, fënd ënner folgendem Link https://www.bee-secure.lu/de/ Äntwerten op seng Froën:

D’Eltrevereenigung hat dëm Expert va Bee Secure Merci gesoot fir seng intressant an opklärend Aussoën är sie all d‘Léckt, déi dë Wee an d’Generalversammlung fond haaten, op ee Patt an een Häppchen invitéiërt hat.

Aafschléissend hei na dë neië Comité van dër Eltrevereenigung:

SCHINKER Mike; LIS-VAESSEN Marianne; WEBER Edy; DOMBRET Pauline; GREGORY Lucas; HUSS Claude; MOLITOR-ZEIMES Marielle; SCHICKES-SCHRUPPEN Sonja; TETZLAFF Ralph; THEIS-KREINS Joëlle; VAN HILLE Sylvie; TRAUSCH Joé; BOVÉ-PLETSCH Josiane; RODRIGUES Patricia

Wéi deë Comité sich fir daat kommend Joor opstellt gët an där nächster Comitésversammlung décidéiërt.