Donneschdeg, 19. Mäerz 2026

Home

News


D'Kuliss mat hirem Kannertheaterstéck "An dër Geeschterschoul" bei äis op Besuch

2022-12-07

Een Daag no Nikloosdaag woor d'Kuliss mat hirem Kannertheaterstéck "An dër Geeschterschoul" bei äis op Besuch. D'Akteuren han d'Kanner op eng maträissend Art a Weis mat an hir "Geesterwelt" geholl a Grouss a Kleng haaten décke Spaass fir d'Geesterjeeër ze verdreiwen an fir Frëndschaft mat de Geester ze schléissen.











Verkoof va Kouch, den 2. Dezember / Vente de gâteau, le 2 décembre

2022-11-29

Den 2. Dezember, um Daag, wou dë Kleeschen eis Kanner an dër Schoul beséicht, verkeeft d'Eltrevereenigung Kouch.

Am Anhang paar Infoën dozou.

Le 2 décembre, le jour où St. Nicolas rend visite aux enfants à l'école, l'association des parents d'élèves vend du gâteau.

cf Infos en annexe.





Rapport van dër Generalversammlung van dër Eltrevereenigung

2022-11-16

D'Eltrevereenigung haat hir Generalversammlung ee Mondig, den 14.11. 2022 am Versammlungsraum iwert dëm Centre Culturel aafgehaal.

De Laurent Winkin, a senger Fonktioun als na amtéirende Präsident woor frou eng ganz Reih intresséiërt Eltren, Vertreter vam Léiërpersonal, van dër Gemeng a van dër Maison Relais kannen ze begréissen, är heen d’Wuärt aan d’Danielle Heintz iwergiän hat.

D’Präsidentin vam Schoulkomitee hat hir Mataarbichterinnen am Schoulkomitee, d’Dammen Tania Schmit a Nadine Majerus dunn zu Wuärt komme geloss, déi d’Wichtigkeet van dën Eltrevetreter erfirgehuäwen han. Kurz drop goufen dunn d’Dammen Josiane Pletsch, Joëlle Kreins an dën Här Edy Weber als Représentants vam Eltrecomité van dër Assemblée gudd geheescht.

D'Sekretärin van dër Eltrevereenigung, Marianne Lis, konnt a sengem déteilléiërte Rapport op d’Aktivitéiten vam vergangene Joor zréckblécken, wou niäwent Heckeplanzaktioun, Coupe scolaire, Oustereersichaktioun, an, an, an, … d’Summerfest als Highlight rausgestach hat.






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot