Mëttwoch, 11. Februar 2026

Home

News


Kannerfaasbal_2016

2016-02-27

Sonndës, den 7ten Februar 2016 wor den traditionnellen Faasbaal zu Wëntger am Centre Culturel organiséiert vun der Elterevereenigung.

Ab 14h00 hot den Orchester "Willi", déi Grouss an déi Kleng begeestert. Et gouf gespillt, gesprongen, geloof , gesongen an gedanzt. Wärend d'Kanner sich op  der Danzpist amüséiert  hon, konnten d'Elteren ee gudden Patt dranken oder eng vun eisen frësch gebaakenen Waafelen eessen oder engt gut Gebäck vun eisem gut gefëlltenen Gebäckbuffet genéissen.

Dofir vun hei na ee grousse Merci un d'Elteren déi eis mat engem Gebäck ënnerstetzt hon. Vill Spaass haaten d'Kanner ewer och bei eisem traditionnellen Glécksraad an mat dem ganz neien Fëscherspill wou no 7 Enten fëschen ëmmer ee schéine Preis op Sie gewaart hot.



Ouverture aux langues

2016-02-25

An enger Formatioun, déi schoulintern den 25.2. 2016 zum Thema  "Ouverture aux langues an Sac d'histoires" gehaale gouf, kruute mër folgend Brochure a folgende Film van dë Formatricen Jeanne Letsch, inspectrice, Anne-Marie Antony, documentaliste, MENJE an Angélique Quintus, institutrice, recommandéiërt. Heimat kann een sich ee praxisorientéiërten Iwerbléck verschaafen waat mat deenen zwee uäwe genannte Begrëffer gemengt ass.

An dën INTERNA kann d'Léierpersonal aus eiser Schoul ënner dësem Link Ouverture aux langues Sac d'histoires na wegder Infoë fannen.

Vill Spaass beim Raliäsen a Rakucken:



Faasicht an dër Schoul 2016

2016-02-05

An der Galerie hei drënner fand dër Photoën zur Faasicht 2016 an dër Schoul um Kiemel.



Om Bauerenhaff zu Reiler

2015-12-30

Am Kader van der Woch van der Mëllich ass eis Klass (2.1.C) Dasdes den 15. Dezember ob Reiler ob den Bauerenhaff van der Famill Schlechter gefaren. Do kruten mer all Informatiounen iwwert Mëllichvéih an o iwwert Mëllichproduktioun. Et woer engt Léieren matt allen Sënner. Mer duäreften richen, schmaachen, stréilen...Zum Schluss guff et dunn na lecker Mëllich ze schmaachen. Schoulkanner woren begeestert (ewéi een ob de Fotoen gesäit) a mer soën der Famill Schlechter villmols Merci datt sie eis ëmpfungen hatt.



Krëppespill 2015 zu Boxer

2015-12-25

Wéi een sich no där gelongener Generalprouw zu Wëntger an dër Schoul well erwaarden konnt, woor o d'Krëppespill 2015 zu Boxer ee groussen Erfollig.
D'Kirch woor bis op déi lest Platz mat Kanner, Eltren  a Grousseltren besatt an déi kleng Akteuren han hirt Best giän fir Grouss a Kleng mat hirëm Stéck "Stäre - Stonnen" an d'Zäit van dër Geburt Jesu zréckzeversetzen.

Mam aafschléissende  Likt "This little light of mine" han d'Kanner rondrëm d'Christiane Hoffmann all d'Léckt an dër Kiirch mat op eng musikalisch Rees geholt. D'Likt ass dann o sou gudd aakomm, dat d'Kanner gären na eng Zougab giän han a jidfereen an dër Kiirch hat mat agestëmmt an hat mat an d'Hänn geklappt.

Dë Pastouër Lubomir Fabcin hat dëm Christiane Hoffmann a senger ganzer Equipe va groussen a klengen Hëllëfer an Akteuren een décke Merci gesoot fir d'Mise en scène vam Krëppespill är hee selwer, den Diakon Michel Müller an dë Pater Gerry Schumacher zur aafschléissender Kannersegnung van all de Kanner an dër Kirch iwergang sën.

Wenn ee klengen Androck wëllt han, waat fir eng Atmoshpär d'Kanner mat hirëm Krëppespill zu Boxer an dër Kirch konnte schaafen, dee kann sich folgend Fotosgallerie aakucken!

Vill Spaass a na schéi Feierdeeg fir eech all!




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot