News

Télévie Tauschaktioun
2017-01-23Fir den Télévie start d'Maison Relais eng grouss Tauschaktioun:
Tauscht an krëtt ëmmer méi
fir de gudden Zweck!
Dir start mat engem Bic vum Télévie an tauscht deen mat enger « Saach » (Schéier, Loftballon, Kaartespill,…) a probéiert eng ëmmer méi grouss a wertvoll « Saach » ze kréien! Bei all Tauschaktioun fëllt Dir Äre Formulär aus an zum Schluss gëtt déi « Saach », déi iwrig bleiwt, um groussen « Télévie-Dag » zu Wëntger versteet oder fir de gudden Zweck an enger Tombola verloust.
Maacht mat !Méi Déteiler fand Dër an de folgenden PDF.



Pas d'école le 13.01.2017 à cause des intempéries / Keng Schoul den 13.01.2017 wéinst dëm schlechte Wiädder
2017-01-13Pas d'école, mais une surveillance est assurée sur le site.
Keng Schoul, mee ët ass eng Surveillance um Site assuréiërt.

Programm van dër Eltreschoul Janusz Korczak
2017-01-13D'Eltreschoul Janusz Korczak stellt ham Folgenden PDF hire Programm 2016-2017 fir all Intresséiërt viir.
Iddiën fannt dër o um Site :
Mam Härz kucken
2017-01-02Op hällger Owend hat d'Krëppespill-Theateréquipe rondrëm d'Christiane Hoffmann zu Boxer an dër Kirch d'Stéck "Mam Härz kucken" opgefouërt.
Wéi all Joor haat d'Christiane o dëst Joor rëm engt eegent Stéck geschriwen, hat Kostümer gebastelt an fir daat néidigt Bühnebild gesuärrigt.
An enger ganzer Härd Prouwen, déi ëmmer no dër Schoul aafgehaal goufen, hat d'Christiane du mat dën intresséiërte Kanner aus deene verschiddene Cyclen aus eiser Schoul d'Stéck "Mam Härz kucken" astudéiërt.
An dën Opwand hat sich o dëst Joor rëm rentéiërt. Enner dër musikalischer Begleedung vam Hoffmann Francis, dëm Schmitz Romain an dëm Jana Van Werweke op hällger Owend hirt Best giän fir dën villen Léckt, déi sich an dër Kirch afond haaten, op anschaulich Art a Weis de Grondgedanken vam dësjährige Krëppespill nozebrengen.
Aafgeroont gouf d'Krëppespill an sëch mam Ligd "Denn dir gehört mein Herz", är dën Pastouër Lubomir Fabcin an dën Diakon Müller Michael d'Kanner an dër Kiirch allegaar eenzel geseent han.
D'Ingrid Scholzen hat dono na allen Akteure Merci gesoot fir déi schéin Adventszäit, wou dann o rëm a villen Diärfer an eiser Gemeng regelméissig zur "Advendtsfënster" agelaade giä woor. Aafschléissend hat d'Ingrid dann na d'Initiativ "Reech eng Hand - Reech deng Hand" virgestalt, déi ee Schrëtt op d'Flüchtlingen zoumëcht, déi bei äis an rondrëm eis Gemeng liäwen an Hëllëf op verschiddene Pläng brauchen. Niäwent materieller Hëllëf ass d'Viraussetzung fir eng gudd Integratioun viraan allem d'Erléiren van eiser Sprooch an d'Méiglichkeet op Léckt ze stoussen, déi hirt Härz fir d'Flüchtlingen an hir Problemer opmaën. "Mam Härz kucken" ass also, d'Devise fir d'Advendtszäit a fir daat kommend Joor!
Wee méi iwert d'Initiativ "Reech eng Hand - Reech deng Hand" wëll wossen fënd ënner genau dësem Link déi néidig Informatiounen um Internet.
A wee nodréiglich wëll Deel huällen aam Krëppespill van dësem Joor, dee kann an déi folgend Galerie raluusssen.
Vill Spaass dobäi an eech all all Gudds am neië Joor!
» Galerie
Schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch
2016-12-22D'Schoul um Kiemel wënscht Eech an Äre Kanner besënnlich Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joor, fir dat mër äis 2017 gesond a monter rëm zréck gesin!