News

Theater ass Tromp!
2012-12-27An dër lester Schoulwoch viraan dër Chrëstvakanz woor an dër Schoul um Kiemel Theater aagesoot.
Aagefong hat daat Ganzt Mëttwoches, den 19. Dezember, wou „AGORA“ va Sankt-Vith dë Kanner aus dëm Cycle 2 hirt Stéck „Nebensache“ virgestallt hat.
Domat woor ët ewer nët genou, ee Grupp Kanner aus dëm Cycle 2.2. B haat sich engt Theaterstéck zu „Asterix an Obelix bei Cäsar“ ausgedaacht. Dee leste Schouldaag han sie van dër Geleegenheet profitéiërt, dat am Centre culturel eng kleng Bühn opgeriicht woor, op där nomëttes d’Krëppespill van dësem Joor fir all d’Kanner aus dër Schoul sollt gespillt giän. Asterix an Obelix han sich also nët lang fléiwe geloss a mam Avertsändnis vam Hoffmann Christiane, dat sich ëm d’Krëppespill gekëmmert hat, han sie d’Bühn kurzerhand fir sëch erobert.
D' Photoën an d’Regiebouch vam Theaterstéck fand dër am WIKI „Theater“.
Agelaut gouf d’Vakanz dunn mat der Generalprouw vam Krëppespill van dësem Joor, „Ee liewegen Adventskalenner“, daat d’Hoffmann Christiane mat enger Reih Kanner aus de Cyclen 3 a 4 astudéiërt haat. Déteiler zu dësem Stéck fand dër o ënnert dëm WIKI „Theater“. D'Photoën an dësem WIKI stammen aus dër Kannermass, déi zu Houffelt aafgehaal gouf!
No dër Opféirung van dë Kannertheaterécker gouf dann o na eng Kollekte fir dë Projet „Stoppt die Armut“, gemaat. Mat dësem Projet ënnerstëtzt de Cycle 3 aus dër „Schoul um Kiemel“ Kanner an Afrika, deenen ët nët sou gudd geet. No dën Theatervirstellungen konnten ronn 250 € fir dëse Projet gesammelt giän!
Een décke Merci alle Spender fir dëse léiwe Geste!
Hei lo na déi direkt Linken op d'Säite van deenen zwou Opféirungen!

Agora zu Besuch mit ihrem Theaterstück: NEBENSACHE
2012-12-19Heute, Mittwoch, den 19.12. 2012 war die Agora aus St-Vith bei uns im Zyklus 2 zu Besuch mit ihrem Theaterstück "NEBENSACHE".
Unter dem folgenden Link finden Sie Photos aus der Vorstellung. Die Klasse 2.1.B ist dabei ein Webbook zu dieser Begegnung mit AGORA zu verfassen.
Den Link zu diesem Webbook finden Sie auch untenstehend.
Schauen Sie also mal bei uns im Webbook vorbei!

Nikloosdaag 2012 am Cycle 1
2012-12-06Hei kënnt dër d'Photoën van dër Nikloosfeiër 2012 am Cycle 1 kucken goën!
Vill Spaass dobäi!

Porte ouverte an dër Maison relais Kiemelkiddies Wëntger, den 8.12. 2012
2012-11-27Den 8. Dezember lied d'Maison relais an op seng Porte ouverte 2012, an daat van 13.00 - 18.00.
Fir wegder Infoën kann dër dë PDF hei drënner opmaën.


Schulentwicklung: 2012-2013
2012-11-26Zur Schulentwicklung 2012-2013 an der Schoul um Kiemel Wëntger gibt unter dem untenstehenden Link weiterführende Informationen.
Wir freuen uns auf Ihren Besuch: