Sonndeg, 18. Mee 2025

News


Summerfest 2014

2014-07-29

Eist Schoulfest, daat dëst Joor fir d'ischt Kéiër ënnert dëm Naam "Summerfest" geloof ass, an daat an Zesaamenaarbicht tëscht Maison Relais, Eltrevereenigung a Schoul, aafgehaale gouf, sollt trotz durchwaassenëm Wiädder dach gudd beséicht sën.

Moiës hat een aafwiässlungsräiche Rallye all Intresséiërt van Wëntger iwer Béigen rëm zréck op Wëntger bei d'Schoul gefouërt.

Hei han d'Kanner dunn op verschiddenen iwerdeckten Platzen flott Spiller erwaart, während déi Grouss sich bei Gedrénks- an Eessstänn Rendez-Vous giän han.

Noomëttes han Kanner aus ënnerschiddliche Cyclen Opféirungen am Centre culturel gemaat, är d'Eltrevereenigung dë Kanner aus dëm Cycle 4.2. mat engem klenge Cadeau Äddi aus dër Wëntger Schoul gesoot hat.

Aafschléissend woor dann den traditionelle Foussballmatch tëscht Léiërersonal an dë Kanner, déi eis Schoul dëst Joor verlossen.




StopMotion Video (Updated)

2014-07-17

Wen ee Filmchen a Stop-motion-Technik wëllt gesin, den an dër Classe d'intégration entstann ass, dee kann op de Link hei ënnen drënner klicken, a scho leeft de Filmchen aan!
Updated: Elo mat engem zweete Video!



Dës Kanner verlossen dëst Joor eis Schoul

2014-07-15

Zum Aafschloss vam Schouljoër 2013-2014 liwre mër Eech hei na d'Photoën van dë Kanner, déi dëst Joor eis Schoul um Kiemel verlossen.

Mër wënschen hinnen vill Gléck op "d'Rees" an hir nei Schoul.



Storyboard Feuerwehr van dëm Team 2.B

2014-06-05

We méi iwert d'Pomjee'ë wëllt wossen, de kann d'Storyboard vam Team 2.B hei opmaën a ralauschtren waat d'Kanner ze erziälle wossen no hirem Besuch bei dë Wëntger Pompjee'ën. Fir dën toun ze héiren brauch dër nëmmen op de Micro ze klicken, den sich am Bild befënd! A schon héiërt dër vill Neiës iwert d'Pompjee'ën.

Vill Spaass



Ee neië Schoulhaff fir d'Spillschoul

2014-06-04

Säit dem leste Joor läit de Plang fir dee neië Schoulhaff van dër Spillschoul fir. Ee Samsdig, den 31. Mee woor ët du sou wäit. De Responsablen vam Projet, dën Helmut Hahn van dër Holunderschule, hat seng fräiwëllig Mataarbichter agewisen, an dunn gung ët lass um Chantier bei dër Spillschoul. Grouss a Kleng ha mat Hand aagelaacht fir d'Pläng, déi dër eech an de folgende PDF kannt aakucken, an d'Doot ëmzesetzen.

Mëttlerweil steet well ee gudden Deel van dën Elementer, déi um Plang agezeechent sën, an ee Samsdig, den 7.Juni soll daat Ganzt da finanliséiërt giän.

Photoën van dën Handwiärker an dër Spillplatz gët ët demnächst op dëser Säit ze kucken.

Bis soss also hei um Rendez-vous!




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot