Dënschdeg, 10. Juni 2025

Dëm Pia, eiser lanjähriger Schwammmeestësch an dono Matarbichterin an dër Bibliothéik, zum Gedenken

2019-01-31

Léift PIA,

Deng Hëllefsbereetschaft, deng Ënnerstëtzung an däin Asatz fir eis Kanner, an der Schwämm, an der Bibliothéik an op sou vill anneren Platzen, wärt eis feelen.

PIA, mer vermëssen Dech an hoffen Du hoss et gudd, do wou’s Du lo bass.
Mer wärten Dech a gudder Erënnerung behalen.

Dem Joanne, denger Famill a Frënn drecke mer eist härzlichst Bäileed an eist déifste Matgeféil aus.

D’PERSONAL aus der SCHOUL, der MAISON RELAIS,
all deng ARBECHTSKOLLEGEN an D’KANNER
vum Site « UM KIEMEL » WËNTGER