![]() | Kannerfaasbal_20162016-02-27Sonndës, den 7ten Februar 2016 wor den traditionnellen Faasbaal zu Wëntger am Centre Culturel organiséiert vun der Elterevereenigung. Ab 14h00 hot den Orchester "Willi", déi Grouss an déi Kleng begeestert. Et gouf gespillt, gesprongen, geloof , gesongen an gedanzt. Wärend d'Kanner sich op der Danzpist amüséiert hon, konnten d'Elteren ee gudden Patt dranken oder eng vun eisen frësch gebaakenen Waafelen eessen oder engt gut Gebäck vun eisem gut gefëlltenen Gebäckbuffet genéissen.Dofir vun hei na ee grousse Merci un d'Elteren déi eis mat engem Gebäck ënnerstetzt hon. Vill Spaass haaten d'Kanner ewer och bei eisem traditionnellen Glécksraad an mat dem ganz neien Fëscherspill wou no 7 Enten fëschen ëmmer ee schéine Preis op Sie gewaart hot. » Galerie |