Samschdeg, 17. Mee 2025

Scheckiwerrechung um Schoulfest 2013

2013-07-13

Ënnert dëm Motto „Lëtz move an der Schoul“ stung dëst Joor dë Schoulsportdaag 2013. An dër Schoul um Kiemel haate mër dë Schoulsportdaag ewer gläichzäitig an dë Kader van dë Spiller van dë klenge Länner gesatt, déi dëst Joor jo bekanntlich zu Lëtzebuerg iwert d’Bühn gungen.

A Ronn 17 Ateliers’ën wou d’Kanner van Judo, iwer Baseball bis hën bei dë Foussball, d’Radfahren, d’Bouschéissen, o méi exotisch Aktivitéiten wéi z. Bsp. dëm Bauchdanz aagebuädde kruuten, konnt jidfereen sich opmaën fir eventuell nei Sportarte kennen ze léiren a sengt Talent an deenen eenzelnen Disziplinnen ënner Beweis ze stellen. All deenen, déi aan dër Organisatioun an aan dër Ausféirung van dësem Daag bedeeligt wooren, van hei aus na een décke Merci fir hiren Engagement am Intresse vam Sport mee viraan allem am Intresse van eise Kanner.

Eng ganz wichtig Aktivitéit op dësem 24. Mee sollt ewer d’Ënnerstëtzung van dër „Fondatioun kriibskrank Kanner“ sën. Am Virfeld vam Schoulsportdaag haat all Kand a sengem Familljën- a Frëndeskrees „Parrains“ geséicht, déi hat beim Erloofen, Erschwammen oder Erpedalléiren va Ronnen sollten ënnerstëtzen. All erloofen, erschwommen oder erstrampelt Ronn sollt vam Parrain mat 50 Cent finanzéiërt giän.
Sou ass dann o kengt Wonner, dat d’Parrains am Enn déif an d’Täsch ha musse gräifen, fir hire Schützling zë ënnertsëtzen. Kengt Wonner ass ët dann o, dat insgesamt 8.800 Euro op dës Art a Weis fir d’kriibskrank Kanner ha konne gesammlet giän. Een décke Merci na de Kanner fir hiren Engagement, mee o alle Sponsorën, déi sich aan dëser Aktioun bedeeligt han.

Um Schoulfest, daat dëst Joor den 7. Juli an dër Schoul Um Kiemel aafgehaal gouf, hat dë Grupp, den sich ëm d’Organisatioun vam Schoulsportdaag gekëmmert hat, dann zesaame mat de Kanner déi stolz Zomm van 8.800 Euro aan d’Madame Weimerskiirch“ van dër „Fondatioun kriibskrank Kanner iwerreecht. D’Madame Weimerskiirch hat sich iwerrascht a gläichzäitig frou gewisen iwert déi grouss Geldzomm an hat am Amphi van dër Schoul da kurz erklärt waat mat deene Suën soll geschéiën, är sie alle Bedeeligten dann na eng Kéiër een ausdréckliche Merci gesoot hat.

An deene folgende PDF-Dokumenter fand dër na paar Infoën zu Schoulsportdaag an Schoulfest.
An d'Photoën vam Schoulfest kann dër Eech an dër Gallerie aakucken.

Vill Spaass dobäi!