Kulturpräis van dër Wëntger Gemeng fir de Breyer Fränz2016-06-23Glegentlich van dë Feierlichkeeten zum Groussherzogsgebuurtsdaag kruut eise langjährige Mataaarbichter an Délégué vam Schoulpersonal, dë Breyer Fränz, dë Kulturpräis van dër Gemeng Wëntger fir seng Verdingster als Lokalhistoriker iwerreecht. Engersäits wënsche mër dëm Fränz, dat heen eng passend Platz fir daat flott Bild fënd, daat heen van dër Gemeng geschenkt kruut. Um Bild ass déi Béiger Kiirch ze gesin. Annersäits wënsche mër him, dat heen na vill Recherchen zur Geschicht van dër Gemeng an zu dë Mënschen aus dër Gemeng ka mäen. » Galerie |