![]() | Firwat Kooperatioun Bildung?2018-11-21Kooperatioun Bildung steet fir d'Zesummenaarbecht vun den Ekippen aus der Grondschoul an aus der Maison Relais; sie steet fir déi gemeinsam Gestaltung vun zwee Bildungsberäicher zu enger Bildungskultur. D'Kooperatioun ass de Wee, fir d'Kanner a fir d'professionell Ekippen, eng positiv Liewens - a Léierplaatz ze schaffen. Eng Bildungskultur weist sech och an der Architektur vu neien Bildungsariichtungen. An der Zesummenaarbecht tëschent der Grondschoul an der Maison Relais steet d'Kand mat sengen Qualitéiten am Mëttelpunkt vun dëse zwee Bildungsberäicher. Ee Kand brauch ee positiivt Léier - a Liewensëmfeld fir seng Qualitéiten kënnen ze fannen an opzebauen. Esou fënnt hat an der Schoul a spéider am Beruff Succès. Weider Infoën hei: https://www.kooperatioun-bildung.lu/ |