Sonndeg, 8. Juni 2025

Scheckiwerreechung an dër Schoul um Kiemel

2022-07-14

Gelegentlich van dër Schoulsportwoch am Mount Juni han all d'Kanner Kilometren um Velo gesammelt. Mat deem ganze Vëlofueren, koumen och eng etlich Kilometer zesummen. Di ganz Schoul ass zesummen 9.628,273 km während dër Schoulsportwoch an dër Schoul pedalléiert. An dat och nach net fir näischt! D’Gemeng huet sech et net huele geloss an huet 1.500 Euro gespend fir den Asaz vun de Kanner. Hinnen dofir ee grousse MERCI. Hei gesi mër een Deel van de Kanner gelegentlich van dër Scheckiwerreechung, déi de 14.Juni iwert d'Bühn gung.
Dë Scheck gung aan d’Associatioun „Reech eng Hand Elwen a Wëntger“.

Am Naam van dër Associatioun hat d’Ingrid Scholzen dë sportliche  Kanner an dër Gemeng Merci gesoot fir dës substanziell Ënnerstëtzung.

Wen méi iwert d'Schoulsportwoch am Allgemengen wëll wossen, ka folgende PDF oproufen.