Soirée luxembourgeoise 20192019-06-30Den 28. Juni haaten d'Kanner aus dëm Cycle 4.2 hir Eltren, Geschwëster, Grousseltren a Frënn an dë Centre culturel op Wëntger agelaaden, fir do mat hinnen eng "Soirée luxembourgeoise" ze feiren. Ziel van dëser Soirée ass ët mat dë gesammelte Suën een zweedeegigen Ausflug vam Cycle 4.2 als Aafschloss van hirer Wëntger Schoulcarrière eegestännig ze finanzéiren, souzesoën op Basis van enger "Mini-Entreprise". Dëse Plang misst dëst Joor alt rëm eng Kéiër opgang sën, vu, dat +/- 170 Léckt dër Invitatioun van de Kanner gefolligt wooren. Ab 18.00 han d'Kanner am Préau vam Centre culturel dën Invitee'ën hir Aarbichten zur Staat Lëtzebuerg mat vill Enthousiasmus virgestalt, är dunn um 19.00 Diiren vam Centre culturel opgungen. Hei kruuten d'Gäst niäwt engem deftigen lëtzebuerger Menu, deen d'Kanner an deene lesten Deeg mat bëssen Hëllëf vam Ralf aus dër Maison Relais mat hirem Léierpersonal kredenzt haaten, o na sou munnichen musikalischen an dänzerische Leckerbissen zervéiërt. An dër lester Paus hat d'Eltrevereenigung van dër Geleegenheet profitéiërt fir de Kanner ee klenge Cadeau als Aafschloss van hirer Schoulcarrière zu Wëntger ze iwerreechen. Am selwischten Otemzug hat de Bové Serge de Kanner am Naam van dër Eltrevereenigung dann o all Guddes fir hir wegder schoulisch Carrière gewënscht, är d'Kanner dën Owend du mam Ligd "Kachkéis, Bouneschlupp,..." aafgeschloss han. Domat haat ee schéinen Owend sengt Enn fond a jidfereen ass sëcherlich zefridden a gudd migd an d'Bett gefall. An dër folgender Galerie krëtt dër dann ee flotten, bewegten Androck van dësem gelongene "lëtzebuerger Owend". » Galerie |