![]() | Rentrée 2013-20142013-09-08Lo ass ët gläich sou wäit! 2 Méint Vakanz, an deene jidfereen sich hoffentlich gudd erhuälle a nei Energie fir d'Schpouljoor 2013-2014 tanke konnt, ginn luäs mee sëcher op een Enn. Fir déi eng ass d'Rentrée fläicht eng Routine, fir annerer ass alles nei an Eltren a Kanner stellen sich sou munnich Froën: "Wou ass mäi Klassesall?; Bei wen kommen ich an d'Klass?; Winni faaren d'Busser? Wéi engt Material brauch ëch?; Wéi eng Regelen gëlt ët an dër Schoul anzehaalen?; Wéi kann ich mengt Kand an der Maison Relais aschreiwen?..." Abee, zu baal all dëse Froën hat sich dë "Schoulbuetgrupp" am Verloof vam leste Schouljoor Gedanke gemaat, a raus koum eisen ischte "Wëntger Schoulbuet", an dem all wichtig Informatiounen betreffend dë Schoul- an de Maison Relais Betrieb gesammelt an an 2 Sproochen publizéiërt goufen. Dëm Schoulbuetgrupp een décke Merci fir dës sënnvoll a wertvoll Aarbicht an eech allegaar eng gudd Rentrée 2013-2014. A wéi gesoot, sollt dër na Froën zu verschiddene Punkten han, da bleedert fir d'ischt am Schoulbuet. Sollten är Froën dann na nët all beäntwert sën, da wend eech aan d'Gemeng respektiv aan daat jeweiligt Léiërpersonal, déi eech dann gär beim Beäntwerte van äre Froën behëllëflich wärte sën! ![]() |