Samschdeg, 17. Mee 2025

Bazar vam Foyer Eislécker Heem den 15. Dezember 2013

2013-12-08

De 15. Dezember hält de "Foyer Eislécker Heem" säin tarditionelle Bazar am Centre cultutrel bei dër Wëntger Schoul aaf.
Hei giän Bastelarbichten van dë Behënnerten a van de Kanner aus dër Wëntger Schoul verkooft. Verschidde Bastelaarbichten sën sougaar va Behënnerten a Kanner aus dër Wëntger Schoul mateneen zu Lëlljen am Foyer entstann. Op 3 Nomëtticher haaten nämlich 3 Schoulklassen aus dër Wëntger Schoul d'Geleegenheet d'Bewaaner vam Foyer an de Foyer selwer besser kennen ze léiren.

Mër hoffen, dër fand de 15. Dezember de Wee op Wëntger fir de Foyer finanziell a moralisch bei hire Projet'ën zë ënnerstëtzen.

Bei enger gemittlicher Adventsstëmmung trëtt iwrigens am Loof vam Nomëttich de Percussiounsgrupp "Tosa" aus dëm Foyer op. Losst Eech daat nët entgoën.

Mër free'ën äis op äre Besuch!

Am PDF na dën Dépliant vam Bazar.

A wen intresséiërt ass bësse méi iwert de Besuch van eise Schoulkanner zu Lëlljen gewaar ze giän, dee kann d'Photosgallerie hei drënner opmaën!