Viizfest mat Bedeeligung van der Eltrevereenigung, de 6. Oktober zu Saassel2013-09-29De 6. Oktober, op Pappendaag, hëllëft d'Eltrevereenigung van eiser Schoul rëm tatkäftig mat zu Saassel Viiz pressen. Zu dësem Zweck wooren Kanner aus dëm Cycle 4 ee Samsdig, den 28.9. 2013 op Uäwerwampich an op Brootebaach bei Privatléckt an deenen hir Bongerten Äppel opraafen. Um 9.00 Auer gung ët lass, d'Kanner goufen an zwou Gruppen opgedeelt an an déi entsprechend Diärfer kutschéiërt. Hei han sie fläissig Äppel geraaf an um 10.30 Auër hat d'Eltrevereenigung dunn derfir gesuärrigt, dat sie sich bei enger Mëtsch an enger Schoklassmëllich konnte stärken, är dunn déi 2. Schicht aagung. Bis 12.00 Auër goufen na vill Äppel gesammelt, sou dat engem flotten Viizfest zu Saassel lo näischt an de Féiss steet. Wann dër de 6. Oktober also äre Pappendaag am Familljekrees gudd gefeiërt hat, da kommt op Saassel an der Veräinsbau a losst eech hei engt Glas Viiz an ee Häppchen fir z'Eessen gudd schmaachen. D'Eltrevereenigung seet eech well am Viraus Merci. Bis dann! |