![]() | Fondatioun Kannerschlass-Antenne Norden stellt sich vir2019-06-26Zanter dem 1. Abrëll 2019 ass d’Antenne Norden/Westen vun der Eltereschoul mat enger neier Mataarbechterin besat. D’Véronique Nilles ass Educatrice graduée a systemesch Familljeberoderin an huet vill Erfarung an der Aarbecht mat klenge Kanner an hire Familljen. D’Eltereschoul gëtt et zanter 2002 a mir sinn e preventive Service vun der Fondatioun Kannerschlass,dee fir Eltere vu klengen a grousse Kanner Coursen, Soiréeën an aner Aktivitéite ronderëm d’Thema Erzéiung a Famill ubitt. 2018 hu mir z.B. 640 Aktivitéite fir Elteren organiséiert a méi wéi 5600 Eltere begéint. All weider Infoën fand Dër am folgende PDF: ![]() |