![]() | Mër trauren ëm de CAMILLE AREND, Schoulmeester, Aarbichtskolleg a Frënd2014-07-29De 24. Juli 2014 ha mër déi traurig Nooriicht kriit, dat dë Camille Arend, aktiven Comitésmëmber an engagéiërte Schoulmeester aus dër Schoul um Kiemel, bei engem tragischen Fliegeraccident um Wee va Ouagadougou op Algers zesammen mat 117 annere Passagéier ëm d'Liäwe koum. Ënnert dën Affer vam Fliegeraccident woor niäwent dëm Camille na d'Noémie Siebenaller va Beesléck, dat o fir de "Soleil dans la main" aktiv woor. De Camille woor a senger Fonktioun als Präsident vam "Soleil dans la main" am Burkina Faso ënnerwee, fir hei zesaame mat senge Kollegen aus dër ONG Projets'ën ze suivéiren, déi hir Organisatioun an deene vergangene Jooren initiéiert haat. Um Wee fir heem ass säi Flieger iwert dëm Mali raafgefall an ët sollt keen van dën Insassen d'Ongléck iwerliäwen. De Camille wärt äis all feelen a senger Fonktioun als Schoulmeester, als Mataarbichter an nët zulest als gudde Frënd. Mër han hee kannt als engagéiërte Schoulmeester a Comitésmëmber, deen ëmmer gudd Iddiën haat fir eis Schoul no viir ze brengen. Durch seng Frounatur, seng Spontanéitéit a säin Intresse aa senge Matmënschen hat heen ëmmer Liäwen a sengt Ëmfeld braacht an hat sou munniche Steen fir d'Entwécklung van eiser Schoul aan d'Rulle braacht. Dëm Anne, senger Frau, a senger ganzer Famill drécke mër eist oprichtigt Bäileed aus a mër wënschen hinnen déi néidig Kraaft, déi sie na brauche wärten, fir déi kommend schwéiër Zäiten ouni de Camille aan hirer Säit duurchzestoën. Fir dëm Camille ze gedenken woor gelegentlich vam "24 Stonne Velo Wëntger" eng Marche de la solidarité organiséiërt giän, aan där ganz vill van dë Camille senge Frënn a Bekannten Deel geholt han. Am folgende Link fand dër déi passend Photoën zu dëser Marche, déi äis frëndlicherweis vam Ben Pfeiffer zur Verfügung gestalt goufen. |