![]() | Schoulfest 20132013-06-28De 7. Juli 2013 lied d'Eltrevereenigung eech wéi all Joor op hirt traditionellt Schoulfest an. Lass geet ët moiës um 10.45 Auer mat enger Mass fir dën Aafschloss vam Schouljoër. Dono steet Animatioun fir Grouss a Kleng um Programm, ënner annerem ass ab 13.00 Auer ee Concert van dër Jugendformatioun van dër Wëntger Musik geplangt. An Zesaamenaarbicht mam Léierpersonal goufen verschidden Ateliers, Ausstellungen a kurz Optrëtter va dë Schoulkanner organiséiërt. Am Loof vam Noomëttich ass dann o d'Scheckiwerreechung aan d'"Fondatioun kriibskrank Kanner", wou d'Schoulkanner van dër Schoul um Kiemel am Kader vam Schoulsportdaag mat enger "Parrainage-Aktioun" vill Suën gesammelt han. Dono ass o na eng Cadeausiwerreechung aan d'Schoulkanner aus dëm Cycle 4.2. Um 17.00 schléisst de Galamätch Cycle 4.2. vs d'Léierpersonal dee flotten Daag aaf. Mër hoffen all Eltren fannen den Daag dë Wee mat hire Kanner op Wëntger. Wen na paar Photoën van dër Aweihung van dër Maison relais wëlt kucken, dee kann dë Link hei drënner opmaën. |