Krëppespill 20182018-12-25Ënnert dër Regie vam Hoffmann Christiane haaten d’Kanner aus der Katechese mat dër Ënnerstëtzung va paar «Bäigeprafften» an de Wochen viraan Chrëstdaag o dëst Joor rëm engt Krëppespill astudéiërt. Hëllgerowend um 16.00 Auër sollten sie dann o fir daat villt Prouwen belount giän, well dë Sall zu Nidderwampich hat sich bis op déi leste Platz mat intresséiërten Eltren a Kanner gefëllt fir beim Krëppespill «Schrëftrollen» mat dobäi zë sën. Nodems dat de Francis Hoffmann mat senger Equipe déi ischt Ligder aagestëmmt an d’Cristiane d’Léckt am Sall begréisst haat, gouf ët dunn däischter am Sall an all d’Auën han sich op d’Bühn fokusséiërt, wou 3 kleng Meisercher probéiërt han sich iwert d’Schrëftrullen van dë Schrëftgeléiërte hiär ze maën, well sie hongrig wooren a leider näscht annischtres fir ze knabbere fond han. Am Verloof vam Krëppespill han d’Léckt am Sall matkriit wéi wichtig dat d’Iwerliwrungen van dë Schrëftgeléiërt na ëmmer fir eis hocktig Zäit sënn. Gläichzäitig gouf ewer o d’Botschaft van dër Gebuurt Jesu vermëttelt an de Gedanken, dat mër ët op eiser Welt eigentlich misste fiärdig kreiën all «kleng an hongrig Meis» mat durchzefigdren mat deene Saachen, déi mër am Iwerfloss han. Dë Pastouër Lubomir Fabcin an den Diakon Michel han alle Léckt am Sall Merci gesoot fir hirt Kommen är sie dono zur Kannersegnung iwer gang sën.
D’Kanner aus dër Katechese an hir Eltren han dëm Christiane ganz am Schluss mat engem klenge Geste Merci gesoot fir säin Engagement, är du jidfereen heem gang ass, fir am Krees va senger Famill hällger Owend ze feiren.
» Galerie |