![]() | De Stradivari-Quartett trëtt bei eise Kanner op2016-03-01Am Kader vam klenge Maarnicher Festival trëtt de renomméiërte "Stradivari-Quartett" ee Sonndig, den 6. März 2016 um 16.00 Auër zu Eeschwëller an dër Kirch op, fir do ee Concert ze giän. An Zesaamenaarbicht mat dën Organisateure vam klenge Maarnicher Festival ass ët äis gelong de "Stradivari-Quartett" dann o fir een Optrëtt viraan de Kanner aus eiser Schoul ze gewannen. Dësen Optrëtt ass ee Fregdig, den 4. März programméiërt. Niäwent engem Ausschnëtt aus dëm Joseph Haydn sengem Reiterquartett, den d'Virtuosen äis op hire kostbaren Instrumenter spillen, wärten d'Musiker de Kanner ewer o hir Instrumenter aa sëch virstellen an op Froën van de Kanner äntwerten. Mër free'ën äis well all op ee Fegdig. De Concert aan sëch ass als Optakt ze gesin van engem Musikprojet,deen äis dann o na an deene nächste Schoulwochen wärt begleeden. Op dëser Platz wärte mër eech iwer dee wegdere Verloof vam Projet um Loofenden haalen. Dër Wëntger Gemeng lo well een décke Merci, dat sie äis durch hir Finanzsprëtzen an d'Zurverfügungstellen van dën Infrastrukturen ënnerstëtzt, dat mër dëse musikalische Projet kënne réaliséiren. Hei dën direkte Link op dë Projet: Konst a Kultur |