 | Kannerbéicher iwert den CNL op youtube2020-03-25
Dën CNL (Centre National de la Littérature) ddelt mat:
De Jo Lendle, Hanser-Editeur, huet et gesot: »Zeit für Bilderbücher, Kinderbücher, Jugendbücher. Gelegenheit für eine Alphabetisierungswelle, wie es seit Harry Potter keine gab.« De Centre national de littérature – Lëtzebuerger Literaturarchiv deelt déi Meenung a wënscht sech d’datt Kanner a Jugendlecher, déi als éischt doheem hu misse bleiwen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. D’Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus Lëtzebuerg an d’Illustrateuren hunn an de leschte Jore spannend Geschichten am Original an an Iwwersetzung virgeluecht. Zesumme mat hinnen an hiren Editeure wëlle mir Iech elo déi Literatur mi no bréngen – mat Liesungen.
Dofir hu mir elo e youtube-Channel ageriicht:
https://www.youtube.com/channel/UC0iD4qteiFZy5iRlRG0pwxQ oder sichen op youtube mat »CNL Literaturarchiv«
De CNL – Lëtzebuerger Literaturarchiv huet Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller an hir Editeuren ugeschriwwen a se agelueden, matzemaachen. Dës Initiativ versteet sech och als e modeste Bäitrag, ons Auteure finanziell ze ënnerstëtzen an och d’Editeuren, bei deenen d’Rechter leien. Och wëlle mir d’Lieserinnen a Lieser encouragéieren, weider Geschichten ze entdecken, andeems d’Bicher direkt beim Editeur oder bei de Librairië bestallt ginn.
Iwwregens verschécken zu Lëtzebuerger d’Librairen gratis – net eréicht säit Corona-Zäiten.
|