Lernen vor Ort2019-05-16Fir dat o d’Geschicht vam 2. Weltkrich a speziell d’Geschicht van dë Judden am 2. Weltkrich bei eise Kanner a Jugendlichen nët a Vergeessenheet geréit ass «De klenge Maarnicher Festival» all Joors beméit an dën Deeg noom Gedenkconcert Schülerdelegatiounen aus verschiddene Schoulen aus dër Emgegend op Fünfbrunnen ze invitéiren, fir do mat hinnen op dër Platz selwer ze eppes iwert d’Geschicht ze «léiren». Niäwent dëm Wëltzer Lycée sën an dësem Kontext een Dasdig, den 7. Mee 2019 o zwou Klassen aus dem Cycle 4.2 aus dër Schoul um Kiemel Wëntger eng Visite op den Site zu Fünfbrunnen maë gang. Do aakomm goufen sie van dem Här Henri Juda an dem Här Marc Schoentgen empfongen. D'Kanner goufen an Gruppen opgedeelt, an han aan 2 verschidden Atelier’ën Deel geholt. D'Kanner aus dëm Cycle 4.2 C erziällen eech am PDF hei drënner waat sie dësen Daag marquéiërt hat: |