Freideg, 16. Mee 2025

Internetsëcherheet a Facebook

2013-05-18

Am Kader vam Eveil - Unterricht haat dë Cycle 3 aus dër Schoul "Um Kiemel" dën Theam Facebook an Internet-Sëcherheet iwer 6 Wochen behandelt. Als Aafschloss van dësem Theam haaten d'Kanner an d'Léierpersonal aus dëm Cycle 3 hir Frënn an d'Eltren op een Owend invitéiërt, wou sie alle Legden weise konnten waat sie am Beräich Internet an Internetsëcherheet bäigeléiërt haaten.

Op villen verschiddenen Themendëscher kruuten déi intresséiërt Nolauschtrer op kandgerecht Art a Weis erklärt wéi eng Gefooren am Internet lauren, wéi een d'Homepage van dër Wëntger Schoul ka beschaffen, wéi een op Facebook ka matenee kommunizéiren, ...

Fir ze kucken op d'Beséicher o alles richtig verstann haaten han d'Kanner daat Geléiërt mëttels Quiz, Memory a Froën iwerpréiwt.

Am folgende Link fand dër Photoën zu dësem Evenement.