Freideg, 2. Mee 2025

Aktioun: Journées du livre

2015-05-20

Am Kader van de „Journées du livre et du droit d’auteur“, déi vam 22. - 25. Abrëll 2015 an dë Schoulen aafgehaal goufen hat dë Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse dës Aktioun an de Grondschoulen lancéiërt.

„Engersäits kann ee mat Bicher op d‘Rees goen. Et kann een se iwwerall mathuelen.
Anerersäits kann een duerch Bicher aner Länner, Sproochen, Landschaften a Kulture kenne léieren, seng Fantasie spille loossen, ganz nei Welten entdecken, iwwer Ënnerscheeder staunen.
Vill Bicher – Literatur a Sachbicher – erziele vum Reesen : Reesbicher, Reesberichter vun Entdecker oder einfache Persounen déi reesen, en Atlas,….
Reesen heescht och Migratiounen (Vëlkerwanderungen, Aus- an Awanderungen, Flüchtlingswellen,…).

Eis Schoul haat o mat engem Projet matgemaat.
D'Vanessa Staudt an de Roland Meyer, deen dëst Joor sougaar de "Prix de la fondation Servais" gewonn hat, wooren an eis Schoul Um Kiemel komm fir aus hire Béicher virzeliäsen an fir dë Kanner dë "Berouf vam Schrëftsteller" bësse méi noo ze brengen.

Am Anhang fand Dër Dokumenter zu dësen Virliäsdeeg.

Zu dëm Vanessa Staudt sengem Bouch "De Kroumpernéckel" han d'Kanner aus dëm Cycle 2 B dann sougaar eng Fortsetzung geschriwen, déi dër als Webbook hei fand:

KROUMPERNECKEL _Suite