Freideg, 21. November 2025

Mër planzen ee Bësch am Kader va 50 Joer Schoul Wëntger

2025-11-20

Bei guddem Planzwiädder woor de Fiäschter Fränk Schmitz den 20.11. 2025 op Wëntger bei dën Opfänkbecken komm, fir do een Bësch am Kader va 50 Joer Schoul Wëntger ze planzen.

Fir d'éischt hat hen de Kanner erklärt wéi eng Planzen ët wooren, nämlich Ahorn, Buchen an Eeschen. D'Beemercher wooren 4 Joer aal.

Dë Feeschter hat gemengt: " Wann dër a 50 Joer rëm kucke kommt, wéi grouss mengt dër dat är Beemercher da sin?"

Du kruuten d'Kanner gewisen wéi een dë Beemchen an dë Buäddem planzt.

Dono gung d'Bullisschlacht mat vill Spaass lass

Hei ënnendrënner fand dër paar Photoën van dër Planzaktioun.

Enner folgendem Link fand dër all Infoën zu 50 Joer Schoul Wëntger: 50 Joer Schoul Wëntger