Bazar am Eislécker Heem2019-12-03All 2 Joor bedeeligt d'Schoul um Kiemel sich mam Verkoof va Basteleiën van de Kanner um Bazar am Lëlljer Heem. O dëst Joor woor an dë Klassen vill flott Saachen gebastelt giän an de Gros van dën Eltren haaten d'Bastelaarbicht van hire Kanner am Virfeld reservéiërt, fir së um Daach vam Bazar selwer an d'Heem séichen ze goën. Mam Verkoof van deenen gebastelten Gadgets goufen insgesamt 2.722,02 € agespillt, woufir d'Lëlljer Heem dër Wëntger Schoul dann o mat engem Bréif Merci gesoot hat, den Dër am Anhang fand. An dër Galerie krët dër ee klengen Iwerbléck iwert daat waat sich um Daag vam Bazar zu Lëlljen gedunn hat. |