Donneschdeg, 12. Juni 2025

Coupe scolaire vam Cycle 4.1 zu Lëllgen

2025-06-07

Bei passablem Wiädder han sich déi intresséiërt Kanner aus dëm Cycle 4.1. ee Samsdig, den 7. Juni 2025 zu Lëllgen beim Parc Sënnesräich getraff fir sich van hei aus an d'Coupe scolaire ze lancéiren.



No dër theoretischer Virbereedung an dër Schoul an enger praktischer Aféirung am Verkéiërsgaart zu Housen, déi an Zesaamenaarbicht mat dër Police gemaat gouf, hat een de Kanner op dësem "Examensdaag" trotzdem eng gewëss Nervositéit aagemiärkt. Hockt mussten sie nämlich ouni d'Begleedung van engem Erwaassenen am normale Stroosseverkéiër beweisen, dat sie daat Geléiërt an enger reeller Situatioun ëmsetze konnten.

Är d'Kanner sich ewer op hirt Raad konnte setzen han d'Policebeamten gekuckt op d'Reeder de Sëcherheetsnormen entspreechend richtig équipéiërt wooren.


Um 10.00 Auër woor dunn alles prett an d'Kanner han sich op de Saadel geschwong fir eng "Testronn" a Begleedung van engem Erwaassenen um gudd gekennzeechente Parcours ze dréinen. Den 2. Tour gouf ët dunn eescht an ët diärft een sich lo kee Fehler méi am Stroosseverkéiër erlaben, well op de Kontrollposten gouf d'Fahrverhaalen van de Kanner bewert.

Géint 11.00 Auër woor d'Prüfungsituatioun du riwer an d'Kanner goufen no där Aastrengung fir d'ischt Mool mat engem Gedrénks an enger Mëtsch van de Vertreter van dër Eltrevereenigung fir hiren Asatz op dësem Samsdigmoiën belount.

An dono han sie sich na bëssen op dër Spillplatz ausgetobt, är all Kand zum Aafschloss säi "Radführerschäin" an engt Paar Radhänschen vam Mike Schinker am Naam van dër Eltrevereenigung iwerreecht kruut.

Als ischt haaten sich klasséiert:
1. Platz: Merschmeyer Lena
2. Platz: Schenk Luuk
3. Platz: Thiry Julien

Dë Buergermeester Lucien Meyers hat aafschléissend alle Kanner félicitéiërt, dat sie alt rëm eppes Neiës an hirem Liäwen dobäi geléiërt hätten an hat hinnen vill Spaass a Gléck op d'Rees gewënscht, fir de Fall, dat sie lo aktiv aam Strooseverkéiër wëllten Deel huällen.
Dër Eltrevereenigung, dën Eltren, dëm Léiërpersonal, dër Police, soot heen aafschléissend Merci fir hiren Asatz am Dingst van de Kanner, är du jidfereen säin Drootiäsel op oder am Auto verstaut hat, fir dann op de Mëtteskast lass ze fahren.

Mër free'ën äis well op d'Oplaag 2026 van dër Coupe scolaire.