Freideg, 2. Mee 2025

De Kleeschen kënnt den 2. Dezember an d'Schoul

2016-11-22

O dëst Joor beséicht de Kleeschen d'Kanner an dër Schoul um Kiemel.
Fregdes moiës den 2. Dezember beséicht ën d'Kanner aus dën Cyclen 2-4 an hire jeweilige Klassesäll.

Nomëttes ab 14.30 Auër ass hen dann op Besuch bei de Kanner vam Cycle 1, déi am Turnsall verschidden Optrëtter fir hee virbereet han.

Noom Besuch vam Kleeschen mëcht d'Eltreveenigung eng Kaffisstuff op an där dër all härzlich wëllkomm sët.
Dën Erléis van där Kaffisstuff geet integral aan "Télévie"!!!

Merci am Viraus also fir Är Präsenz an Är Ënnerstëtzung!