De «Stradivari Quartett» an dër "Schoul um Kiemel Wëntger" (VIDEO ONLINE)2013-03-16Am Lëtzebuerger Wort vam 16.3. 2013 schreiwt d'Madame Hilda van Heel folgend Sätz a Bezug op dë Stradivari-Quartett: "Les horizons créatifs de l’imaginaire Ce sont souvent les ensembles jeunes qui apportent la découverte, qui font renaître la magie d’une musique profondément vécue, riche en résonances. Le «Stradivari Quartett» nous a invités à communier dans un voyage musical qui laissait briller les sons subtils et chaleureux de leurs quatre instruments créés par le célèbre Giacomo Antonio Stradivari." Wen dee ganzen Artikel aus dem LW wëllt noliäsen kann de PDF méi déif ënnen opmaën! Waat ha mër als Schoul lo mat dëm Stradivari-Quartett ze dun? Abee, ënnert dër Leedung van dër Madame Päivi Kauffmann haat d'Klass aus dëm Cyle 4A d'Chance an de Genoss ze kommen fir Deeler aus dëm Owesprogramm van dëm Stradivari-Quartett därfen fir hir Kolleg/Innen aus dër Wëntger Schoul a Begleedung vam Stradivari-Quartett sou opzebereeden, dat dës Stécker aus dër klassischer Musik fir Grouss a Kleng verständlich a gräifbar goufen. Op eng ganz pädagogisch a liäwig Art a Weis hat d'Madame Päiwi Kauffmann ët verstann dë Kanner aus dër Wëntger Schoul d'Musik van Haydn, Schubert a Chostakovitch méi nozebrengen an dës o an hiren geschichtlichen Hannergrond ze setzen. Als Schoul woore mër frou, dat de "Klenge Maarnicher Festival" äis d'Chance giän hat aan dësem musikalischen Projet därfen Deel ze huällen. An dat ët alle Bedeeligte vill Spaas gemaat hat, weisen sëcherlich déi folgend Photoën an de Video. Klickt op den Titel vun dëser News, fir de Video ze kucken! |