Freideg, 17. Mee 2024

Generalversammlung van dër Eltrevereenigung

2023-11-25

D'Eltrevereenigung haat hir Generalversammlung ee Mëttwoch, den 22.11.2023 am Versammlungsraum iwert dëm Centre Culturel aafgehaal.

De Mike Schinker, a senger Fonktioun als amtéirende Präsident, woor frou eng ganz Reih intresséiërt Eltren, Vertreter vam Léiërpersonal, van dër Gemeng a van dër Maison Relais kannen ze begréissen, är heen d’Wuärt aan d’Nadine Majerus an d'Tania Schmit vam Schoulkomitee iwergiän hat.

Sie han d'Präsidentin vam Schoulkomitee, Danielle Heintz ëntschëlligt, är sie d’Wichtigkeet van dën Eltrevetreter erfirgehuäwen han. Vu, dat d'Josiane Pletsch als Eltrevertreter hirt Amt néiër gelaacht haat, well sie keng Kanner méi an dër Wëntger Schoul hat, gouf an dër Versammlung gefroot op jidefreen d'Accord wir mat dër Bewerbung van Lis Marianne als neiën Eltrevertreter. Niäwent dëm Joëlle Kreins an dëm Edy Weber gouf d'Marianne Lis dunn als neië Représentant vam Eltrecomité van dër Assemblée per Handzeechen gudd geheescht.

D'Sekretärin van dër Eltrevereenigung, Marianne Lis, konnt an hirëm déteilléiërte Rapport op d’Aktivitéiten vam vergangene Joor zréckblécken, wou niäwent Heckeplanzaktioun, Coupe scolaire, Oustereersichaktioun, an, an, an, … d’Summerfest, daat dëst Joor a neiër Lokalitéit ausgedroo giä woor, als Highlight mat guddem Resultat rausgestach hat.

Dono hat dë Caissier, Edy Weber, de Bilan van dër Kees gezuiën, den dëst Joor durch daat guud Schoulfest an de gudd beséichten Faasbaal ganz positiv ausgefall ass. Durch vill nei Investitiounen, mat denen d'Eltrevereenigung sich fir d'Zukunft gudd opgestalt hat, ass d'Kees am Enn ewer 0 von 0 opgangen. Um Spaarkont kann d'Eltrevereenigung ewer 20.000 € verbouchen, sou dat d'Zukunft hei gesëchert ass a na eng Reih Inverstitiounen fir d'Kanner kannen gestämmt giän.

D'Kasserevisoren Albert Koos a Patrick Dichter han dëm Caissier eng tadellos Aarbicht bescheinigt an han d'Versammlung gefroot fir dën Edy Weber durch ee kräftigen Applaus ze entlaasten, waat dann o geschickt ass.

Dë Buergermeester Lucien Meyers hat dë ganz aktive Vertreter van dër Eltrevereenigung am Naam va senge Gemengekollegen Merci gesoot fir hiren Engagement am Sënn vam Kand.

Enner "weider Informatiounen" kann dër hei drënner d'Suite vam Rapport liäsen.

Wen dann na aan dëm déteilléiërte Rapport van dër Generalversammlung, wéi aan dëm Virtrag vam Owend zum Thema "Wéi kann ëch mäi Kand bei dën Hausaufgaben ënnerstëtzen?" den vam Ramona Gales presentéiërt gouf, intresséiërt ass, kann d'PDF'ën hei drënner oproufen.



Heen hat déi gudd Zesaameaarbicht tëscht Schoul, Gemeng an Eltrevereenigung erviirgestrach, déi zréckzeféire wiir op eng gudd Entente, déi iwer Jooren gewaas ass, dëst am Intresse van dë Kanner déi d’Schoul um Kiemel beséichen. Hen hat sich o erfreet gewisen iwert dën Engagement van dën Eltren am Eltrecomité, wou qualifizéiërt Léckt sich am Intresse van de Kanner aus dër Schoul fir déi kommend Jooren géifen verpflichten. Dono hat hen ee kurzen Ausbléck an d'Zukunft gemaat an hat betount, dat d'Bauaarbichten aam Bildungshaus am Timing wiiren an dat geplangt wiir, dat d'Bildungshaus seng Diiren am September 2026 kënnt opmaën, dëst waat déi ischt Bauphase aageet. Wéi ët dono mat där zweeter Bauphase, sprëch dëm Aafraapen vam aalen Schoulgebei an dëm Opriichten van engem neiën Gebei, géif ausgesinn, misst déi finanziell Laag weisen. Aafschléissend ass hen dunn na op d'Feierlichkeeten zu 50 Joor Schoul Wëntger agang, wou d'Planung a vollem Gang wiir an o well ee konkreten Aafloof ging virleiën.

No dër ordentlicher Generalversammlung stung dunn na ee Virtrag va Ramona Gales, Familien a Lerncoach, AD(H)S-Tränerin a Berooderin, um Programm zum Thema "Wéi kann ëch mäi Kand bei dën Hausaufgaben ënnerstëtzen?". Mat interessante Virschléi, déi dër Eech an dëm PDF hei drënner kannt zu eegen maën, hat Ramona probéiërt dën Eltren Weeër aus dem Dilemma opzeweisen, den sich a ville Familljën opdeet, wann ët heescht: "Sou, da kucke mër mool an dë Schoulsack". Zaubertricker fir aus dem Dilemma rauszekommen, wousst d'Ramona o keng an hat o drop hegewisen, dat ët wichtig ass de Kanner engt gudd Virbild ze sën, waat Selbstdisziplin an Ausdauër bei Aarbichten aageet, déi o engem Erwaassenen heiansdo schwéiër fällen. Viraan allem ervirgestrach hat d'Ramona ewer d'Taatsaach, dat déi ganz Léiërsituatioun an engem positiven Klima sollt stattfannen, fir dat de Léiëreffekt méiglichst gudd aan d'Rulle ka kommen.

D’Eltrevereenigung hat dëm Ramona mat engem klenge Cadeau fir seng Ausféirungen Merci gesoot, är sie all d‘Léckt, déi dë Wee an d’Generalversammlung fond haaten, op ee Patt an een Häppchen invitéiërt hat.

Aafschléissend hei na dë neië Comité van dër Eltrevereenigung, den erfreelicherweis duurch vill nei Mëmbren opgestockt giän ass.

Präsident: Mike Schinker

Vize President: Marielle Zeimes

Sekretariat: Marianne Lis-Vaessen, Joelle Theis-Kreis a nei dobäi Christia Rommes

Caissier: Edy Weber

Ralph Tetzlaf, Joé Trausch, Sylvie Van Hille, Sonja Schruppen, Pauline a Gregory Lucas

Austriedend: Claude Huss, Josiane Pletsch

Nei dobäi: Danielle Neser, Nadine Thines, Betty Schneider, Cindy Wagener, Fabienne Colles, Manuela Frank, Mike Nosbusch, Annick Diederich-Allard, Romy Neumann, Joelle Ewen a Bert Jung