Generalversammlung van dër Eltrevereenigung, den 21. November 2014 /Assemblée générale de l'association des parents d'élèves2014-11-25Den 21. November haat d'Eltrevereenigung van dër Schoul um Kiemel op hir 24. Generalversammlung zu Diennjën invitéiërt. Um Programm stungen folgend Punkten: - Begréissung durch d'Presidentin - Rapport von den Aktivitéiten - Rapport von der Keess - Rapport von de Keesserevisoren - Erneierung vom Comité - Fräi Aussproch - Ried vom Buergermeeschter - Iwwerreechung von engem Cheque un "Soleil dans la Main" Leider wooren nëmmen wéinig Eltren dër Invitatioun van dër EV gefolligt, waat Schaad ass, ass dach gewosst, dat d'EV na ëmmer eng ganz Reih van paraschoulischen Aktivitéiten van eise Kanner organiséiërt a mat encadréiërt. Nodems dë normalen Programm Revue passéire geloss giä woor han déi Responsabel van der EV dëm Soleil dans la main na ee Scheck van 1000 € zoukomme geloss. D'Vertreter vam "Soleil" han dër EV Villmools Merci gesoot fir dëse schéine Geste an han dunn an engem Film gewisen zu wéi engem Zweck déi gespend Suën wärten am Burkina Faso agesatt giän. Zum Schluss hat d'Elterevereenigung na op e Patt an een klenge Maufel invitéiërt.
|