Soirée française vam Cycle 4.2.2013-05-18Am Kader van hirëm Projet "Ausfluch op Paräis" han d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. hir dësjährig "Soirée française" am Centre culturel zu Wëntger aafgehaal. Um Menu stungen: Choucroûte royale, Spaghetti, Fësch a vill lecker Häppercher an Dessert'ën, déi allegaar van dë Kanner préparéiërt giä wooren. Doniäwent han d'Kanner an dën Eess- an Drankpausen intressant Beiträg zu hirëm Reesziel Paräis gebuädden. Sou goufe franséisch Ligder gesong, Virträg iwer Sehenswürdigkeeten zu Paräis aafgehaal, Theaterstécker a Sketcher opgefouërt, eng Billerstee organiséiërt,...; an dëst alles ënner dër Leedung van dë Kanner selwer. Alles an allem woor ët een intressanten Owend mat kulinarischen Liichtblécker fir Grouss a Kleng, den besser hätt nët organiséiërt kënne sën. Mër free'ën äis lo well op d'Oplaag 2014 van dëser sympatischer a fir d'Kanner ganz valoriséirender Veranstaltung. Am folgende Link Photoën, déi belee'ën waat alles gebuädde gouf! Gudden Appetit! Glïchzäitig fand ër am 2. Link dann o Photoën van dër Carwashaktioun vam Cycle 4.2., déi o dozou bäidréit, dat d'Kanner hiren Ausfluch op Paraïs gréisstendeels aus eegener Täsch finanzéire kannen. |