Cycle 4
Schoulsportdaag 2016
2016-06-24Nodems mer dë moiën van engem Donnerwiädder erféiërt goufen a mer äis well Gedanken gemaat han op mër all d'Ateliers an dër geplangter Form kënnten aafhaalen leeft de Moment alles à la merveille.
D'Sonn ass um Rendez-vous an d'Kanner han hire Spaass wéi dër op dë Photoën am Anhang kannt gesin.
Vill Spaass beim Raluussen!

Summerfest 2016
2016-06-23D'Summerfest 2016 réckelt all Daag méi no!
Hei am Anhang fannen d'Eltren wichtig Infoën fir deen Daag!
La fête scolaire approche!
En annexe les parents d'élèves trouvent des informations importantes.




Car-Wash-Aktioun, den 11.6. 2016
2016-06-05D’Klassen 4.2.A & 4.2.B & 4.2.C aus der
„Schoul um Kiemel“ wäschen d’Autoën
Samsdes, den 11. Juni 2016 vun 10h00 bis 16h00
Präis: 8 €
beim Pompjeesbau zu Wëntger
fir d’Wardezäiten ze verkierzen ass fir Kuch an Gedrénks gesuergt!
Am Anhang dë Flyer a paar Photoën vam Daag!
Coupe scolaire 2016
2016-05-29Bei guddem Wiädder han sich d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. ee Samsdig, den 28.05. 2016 zu Aasselburren am Weyer Gaart getraff fir sich van hei aus an d'Coupe scolaire ze lancéiren.
Méi Infoën an d'Photoë vam Daag fand dër an dem folgende WIKI-Projet:Coupe scolaire 2016
Hei drënner an dër Galerie gët ët alt well ee klengen Appetizer waat eech erwart.
Vill Spaass beim Raluussen!
» Galerie
D'Musikschoul vam Kanton Cliärrëf op Besuch an dër Schoul um Kiemel
2016-03-31An dër Woch viraan dër Oustervakanz woor d'Musikschoul aus dëm Kanton Cliärrëf an eiser Schoul op Besuch.
De Cycle 1 kruut eng Aféirung an d'Musik, d'Cyclen 2 an 3 kruuten Musiksinstrumenter virgestalt an dë Cycle 4 haat een Atelier a Bodypercussion a modernem Gesang.
We méi doriwer wëll wossen, Texter, Photoën a Filmercher wëll kucken, dee brauch nëmmen dësm Link nozegoën: Konst a Kultur
Vill Spaass beim Raluussen!