Cycle 4
Ouverture aux langues
2016-02-25An enger Formatioun, déi schoulintern den 25.2. 2016 zum Thema "Ouverture aux langues an Sac d'histoires" gehaale gouf, kruute mër folgend Brochure a folgende Film van dë Formatricen Jeanne Letsch, inspectrice, Anne-Marie Antony, documentaliste, MENJE an Angélique Quintus, institutrice, recommandéiërt. Heimat kann een sich ee praxisorientéiërten Iwerbléck verschaafen waat mat deenen zwee uäwe genannte Begrëffer gemengt ass.
An dën INTERNA kann d'Léierpersonal aus eiser Schoul ënner dësem Link Ouverture aux langues Sac d'histoires na wegder Infoë fannen.
Vill Spaass beim Raliäsen a Rakucken:
Faasicht an dër Schoul 2016
2016-02-05An der Galerie hei drënner fand dër Photoën zur Faasicht 2016 an dër Schoul um Kiemel.
» Galerie
Generalprouw vam Krëppespill "Stäre-Stonnen"
2015-12-18Wéi all Joors hat eis Reliounsjoffer Hoffmann Christiane o dëst Joor rëm engt Krëppespill mat intresséierte Kanner aus deene verschiddene Cyclen op d'Bee gestalt. Dëst Joor stung d'Krëppespill ënnert dem Motto "Stäre-Stonnen".
Op dër Bühn konnt ee feststellen, dat d'Kanner hir Roll, vam klenge Schoof, iwert divers Stären bis hën zum David, gudd astudéiërt haaten an hirt Best giän han fir hir Alterskollegen am Sall mat hirëm Spill matzerappen.
Sie han sich verdingterweis dann o vill Applaus ageheimst an am Schluss hat dee ganze Sall mat "gerockt" beim Aafschlossligd "Let it shine".
Wee lo intresséiërt ass daat ganzt Krëppespill live an a Faarw matzeerliäwen, ass den 24. Dezember 2015 härzlich op BOXER an d'Kiirch invitéiërt, wou d'Kanner um 17.00 Auër dann o viraan "groussem" Publikum spillen.
Noom Krëppespill ass dann na eng Kannersegnung an da kannen d'Famillen dono Hällgerowend doheem am klengen oder grousse Krees begoën!
D'Schoul um Kiemel wënscht eech all besënnlich an erholsam Feierdeeg an da gesi mër äis all gesond a monter a gudd erholt am neië Joor rëm!
» Galerie

Schivakanz vam Cycle 4.1.
2015-12-17Vam 12. Dezember bis zum 18. Dezember mëcht eise ganze Cycle 4.1. am Ahrntal, um südliche Fouss van dën Zillertaler Alpen, eng Schivakanz.
A Begleedung vam Léierpersonal an enger Reih Schimoniteuren wëllen d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. an dëser Vakanz d'Biärgwelt am Ahrntal op 2 Breeder erkunden.
Wee well bësse wëll raschnupperen wou d'Kanner am Ahrntal aquartéiërt giän a wéi d'Gegend hei ausgesäit, dee kann dee folgende Link opmaën!
Schivakanz am Ahrntal 2015

D'Schoul um Kiemel bedeeligt sich den 21. an 22. November aam Bazar vam Foyer Eislécker Heem
2015-11-21Wéi üblich bedeeligt sich d'Schoul Um Kiemel o dëst Joor rëm um Bazar vam Foyer Eislécker Heem va Lëlljen. An deene leste Schoulwochen an Deeg gouf fläissig gebastelt a gebaak, sou dat d'Schoulkanner o dëst Joor rëm kënne mathëllefen duurch de Verkoof van hiren Artiklen Suën fir d'Projetën vam Eislécker Heem kannen anzespillen.
Wee méi iwert de Bazar wëllt wossen kann dë Flyer am folgende PDF opmaën.
Mër free'ën äis lo well op Äre Besouch zu Lëlljen, wou Dër Äre Kanner hir Basteleiën kënnt kucken a viraan allem kënnt koofen.
