Mëttwoch, 9. Juli 2025

Cycle 4


Béichercadeau fir d'Kanner vam Cycle 4.2 gelegentlich van dër Commémoratiounsfeiër zu Fünfbrunnen

2025-07-06

Wéi all Joer haat de Comité Auschwitz o dës Joer rëm op hir Commémoratiounsfeiër beim Denkmool zu Fünfbrunnen invitéiërt. D'Denkmool, dat 1969 opgeriicht gouf erënnert an all jüdisch Affer aus dëm 2. Weltkrich.

A Präsenz vam Kultusminster, dëm Här Eric Thill, konnten d'Kanner aus dër Wëntger Schoul aan enger bewegender Feiër Deel huällen, wou nët nëmmen aan déi verstuärwen jüdisch Mënschen aus dëm 2 Weltkrich erënnert gouf, mee o een Appel zur Toleranz aan déi hocktig Generatiounen geriicht gouf, fir dat d'Geschicht sich nët rëm soll widderhuällen, déi mër an Zäiten vam 2. Weltkrich erliäwt han.

Zum Aafschloss van der Feiër kruuten d'Kanner aus eisem Cycle 4 Béicher iwerreecht, déi traurig Kapitelen aus dër Vergangenheet opgräifen, fir së dëm Lecteur gräifbar ze maën, fir sou geent d'Vergeessen aanzekämpfen.

Am Anhang eng Reih Biller van dër Commémoratiounsfeiër.

Méi Infoën zum "Zentrum Fünfbrunnen" an zu "Erënnerungskultur a Kulturerbe" fand Dër ënner folgende Linken:





Beat the teacher, Fregdig, den 16. Mee 2025

2025-05-12

Lo ass ët gläich sou wäit.

Mër freeën äis eech op eisem Beat the teacher, ee Fregdig, den 16. Mee am Centre culturel begréissen zë kënnen.

Paar Infoën zum Owend fand dër hei am PDF.

Bis ee Fregdig





News aus dër Schivakanz

2025-01-27

News aus dër Schivakanz:

Gudden Owend: Mir haten haut een ganz schéinen, opreegenden ewwer och ustrengenden éischten Skidag! ⛷️️ Mir sëtzen Iech wi versprach all Owend d‘Fotoen mat engem klengen Bericht op den Internet-Site vun der Wëntger Schoul, fir iech vun den sportléchen Fortschrëtter an den Erliewniser vun Ären Kanner ze berichten!
Léif Gréiss aus dem Ahrntal


Bonsoir! Aujourd’hui, nous avons vécu une très belle journée excitante mais aussi fatigante! ⛷️️ Comme promis, nous chargerons chaque soir les photos avec un petit résumé des progrès sportifs et des expériences de vos enfants sur le site de l‘école de Wincrange!
Bien le bonjour de l‘Ahrntal

Méi Infoën fand dër hei! Pour plus d'infos, veuillez cliquer sur le lien suivant:

Schivakanz 2025 am Ahrntal





Spillerowend "Kleng géint GROUSS"

2025-01-11

Fir d'Schivakanz van dësem Joor matzefinanzéiren haat de Cycle 4 ee Spillerowend "klein gegen GROSS" organiséiërt, wou d'Kanner géint hir Eltren a Geschwëster bei denen ënnerschiddlichste Spiller konnte géinteneneen aantrëdden.

D'Spiller goufen van dë Kanner selwer geleet a bewert.

Grouss a Kleng haaten dësen Owend vill Spaass mateneen an o d'Keess konnt gudd gefëllt giän.

Ënner folgendem Link krët dër ee klengen Abléck an dëse mouvementéiërten Owend.

Schivakanz 2025 am Ahrntal





Multisportsdag Harel

2024-05-28

An der Päischtvakanz war den Cycle 2-4 zu Harel op dem Multisportsdag.

Pendant les vacances de Pentecôte, le Cylce 2-4 était à Harlange sur la journée multisport.






Nächst Lescht