News
Optakt vam Summerfest 2017
2017-07-07Zum Optakt vam Summerfest 2017 haat dë Grupp "Summerfest" d'Theatergrupp "Kuliss" mat hirëm Stéck "Dën Oscar leet een Ee" agelaaden.
Moiës gouf d'Stéck fir d'Kanner van de Cyclen 1 an 2 opgefouërt. Nomëttes wooren dunn d'Cyclen 3 a 4 aan dër Reih fir dëm Bauër Oscar beim "Eerlee'ën" nozekucken.
An dër folgender Galerie fand dër d'Photoën vam Stéck.
» Galerie
Kanner aus dëm Cycle 4.2, déi dëst Joor eis Schoul verlossen
2017-07-06An dër Galerie fand dër sämtlich Klassephotoën van de Kanner aus dëm Cycle 4.2, déi um Lëtzebuerger Owend geschoss goufen.
Am PDF-Dokument fand dër d'Photoën an d'Neem van de Kanner, déi dëst Joor eis Schoul Um Kiemel verlossen.

Summerfest 2017
2017-07-06Och dëst Joer fënnt eist Summerfest rem Freides no der Schoul statt. Ënnert dem Motto “Baurenhaff” starte mir de 7.Juli 2017 vu 16h00 Auer un bis 21h00 Auer. Direkt ab 16.00 Auer lafen déi verschidden Aktivitéiten an och fir d’Iessen a Gedrénks ass bestens gesuergt.
Mir wëllen Iech drun erënneren datt während desem Fest d’Responsabilitéit fir Ärt Kand bäi Iech läit. Kënn Dir als Elteren, aus wéi engem Grond och ëmmer, nët um Summerfest present sinn, fiert Ärt Kand um 16h10 mam normalen Schoulbus heem. Ärt Kand, grad sou wéi mir, géifen eis natirlech iwwert Är Präsenz freeën. D’Maison Relais bleift och dësen Nomëtteg ab 14h00 zou.
Cette année-ci, la fête scolaire de fin d’année aura lieu vendredi le 7 juillet 2017 de 16h00 heures à 21h00 heures. Toutes les activités débuteront à 16.10 heures. Sur place, vous trouveriez toutes sortes de consommations. Vos enfants restent sous votre responsabilité. Si, le cas échéant, des parents ne sauront pas être présents à cette heure-là, leurs enfants devront rentrer en bus à 16h10 heures.
La partie scolaire de la maison relais sera fermée à partir de 14h00.
Dën Tour de France passéiërt d'Schoul um Kiemel
2017-07-03Op dër 3. Etapp va Verviers op Longwy hat dën Tour de France eis Schoul mondes, den 3. Juli 2017 passéiërt.
Den Daag bloufen d'Kanner iwer Mëttich all an dër Schoul, wou sie van eiser Maison Relais bekästigt goufen.
We méi iwert dëst Evenement wëllt wossen kann déi folgend Linken an d'Photosgalerie opmaën!
D'Kanner aus dëm Cycle 4.2. kreië Béicher vam Comité Auschwitz
2017-07-02Gelegentlich van dër alljährlicher Gedenkfeiër beim Juddendenkmool zu Fünfbrunnen, zu där dë Comité Auschwitz o dëst Joor rëm invitéiërt haat, kruuten d'Kanner aus dëm Cycle 4.2 va Wëntger a van Elwen Béicher iwerreecht, déi sich mat dër Thematik vam 2. Weltkrich befaassen.
An de folgenden PDF - Dokumenter gët dër méi gewaar iwert dën Aafloof van dër Cérémonie beim Denkmool an iwert d'Béicher, déi d'Kanner vam Comité Auschwitz iwerreecht kruuten.
D'Schoul va Wëntger seet dëm Comité Auschwitz van dëser Platz aus Merci fir dee schéine Geste, mat dem d'Mémoire aan dën 2. Weltkrich bei eise Kanner oprecht erhaal gët a mat dem gläichzäitig o eng Bréck geschloo gët zu dër bestehender Flüchtlingsproblematik, wéi mër së am Moment kennen.
An dër Galerie dann na eng Reih Photoën van dër Cérémonie zu Fünfbrunnen: