Samschdeg, 13. September 2025

News


Schéi Chrëstddeg an ee glécklicht neit Joor

2020-12-19

Daat ganzt Personal aus dër Schoul um Kiemel wënscht Eech an äre Kanner schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joor.

Hoffe mër, dat eis Gedanken am neië Joor manner ëm CORONA dréinen a mër äis rëm méi op daat "normalt Liäwen" kannen besënnen!

Soubaal mër méi zum Start an daat 2. Trimester wossen, haale mër eech natiirlich op dëser Säit um Loofenden! Bis dohënner, erhuällt Eech all gudd am enke Krees van äre Léifsten!



Eng musikalesch Adventsgeschicht

2020-12-18

Enner dë Linken hei drënner kann dër musikalesch Adventsgeschichten lauschteren!

Vill Spaass!

Méi Infoën zum Projet van dër Philharmonie fand dër am PDF hei drënner.



Eltreschoul: Info

2020-12-16

Dëst Joër ass e besonnescht Joër mat ville Verännerungen an der Eltereschoul.
Well mir nët méi op der Plaz kënnen Elteren am Grupp begéinen an eis Aarbecht duerch d'Covid-Pandemie ënnerbrach gouf,  hu mir versicht nei Weër ze goen an en alternativen Programm unzebidden. Seit dem Juli bidden mir eis Workshops vun der Maternité all online un.
Mir hu versicht verschidden Themen aus eisem Katalog als online Owend virzestellen.

E puer vun eisen Intervenants externes sinn och op dee Wee gaangen an hunn hirt Thema als online Cours emgeschriwwen.
Mir hunn elo versicht dëst Themen a verschidde Rubriken anzedeelen esou datt si och ënnerschiddlech Elteren uschwätzen:

- Elteren vu Kanner am "Klengkandalter"

- Elteren vu Kanner am Schoulalter

- Corona an Emotiounen

- Campagne "Stop punitions corporelles" an Zesummanaarbecht mam MENJE (Service des Droits de l'enfant)

Bei weideren Froen kënnt Dir mech gären kontaktéieren.

Ech wënschen Iech eng stressfräi Woch a schéi Feierdeeg

Ganz léif Gréiss

Véronique Nilles
Eltereschoul Norden-Westen
92, Grand-Rue
L-9711Clervaux

veronique.nilles@kannerschlass.lu;
eltereschoul-nord@kannerschlass.lu
Tél: 621 34 32 71






Busschoul an eiser Schoul

2020-12-14

Fir de Kanner déi richtig Verhalensregelen an a rondrëm dë Bus ze vermëttlen haaten dën Här Patrick Eiffes an dën Här Patrick Neumann vam Service de prévention van dër Police sich an deene lesten Deeg Zäit geholt fir bei d'Kanner aus dë Cyclen 1 an 2 ze kommen.

Enner folgende Linken kann dër bësse kucke goën, waat d'Kanner an dësen zwou Stonnen "Unterricht" erliäwt a verhaalen han:

Busschoul an dër 2.2.D

Busschule

Busschoul



Annulation LASEP

2020-12-13

Chers parents,

Suite aux décisions prises par notre ministère le 9.12.nous ne pouvons plus organiser de séances de Lasep à l'intérieur.
C'est pourquoi nous annulons tous les entraînements jusqu'au 15 janvier inclus. À ce moment-là notre ministère évaluera la situatuion et adaptera les mesures contre le Covid-19 si nécessaire. La Lasep de natation pour les cycles 2-4 du 14.12 se déroulera comme prévu. Avec nos meilleures salutations.

Le personnel de la Lasep




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot