News

Schnelltester an de Schoulen / Test rapides à l'école
2021-04-15Ennert folgendem Link fand dër d'Infoën vam Ministère zu de Schnelltester.

Nei Initiativ fir d'Wuelbefannen vun de Kanner
2021-03-06Hei d'Déteiler vam Ministère:





Reouverture vun de Schoulen den 22.02.: Méi Sécherheet a Mesurë fir d'Wuelbefanne vu Kanner a Jonken Réouverture des écoles le 22.02. : Plus de sécurité et des mesures dans l'intérêt du bien-être des enfants et des jeunes
2021-02-12Hei fand dër dee ganze Message vam Ministère:
Ci-joint vous trouvez le message du ministère:

Schoul doheem bis d'Fuesvakanz an d'Maison-relaise si bis den 19. Februar 2021 zou / Enseignement à distance jusqu'au congé de Carnaval et fermeture des structures d'accueil pour enfants scolarisés jusqu'au 19 février 2021
2021-02-04Hei fand dër dee ganze Message vam Ministère:
Ci-joint vous trouvez le message du ministère:

Bericht zur Generalversammlung van dër Eltrevereenigung a gläichzäitig "virtuell Grondsteenleeung zum Bildungshaus"
2021-02-02Ganz am Zeechen va "Corona" stung o déi dësjährig Generalversammlung van dër Eltrevereenigung.
Vu, dat d'Versammlung nët konnt "en présentiel" aafgehaale giän, haat d'Eltrevereenigung sich am Virfeld fir eng Versioun via "Zoom" décidéiërt, wou een sich bei Interesse konnt iwert ee Link an d'Versammlung aloggen, fir dann kannen nozelauschtren, respektiv o aktiv kënnen d'Wuärt ze ergräifen.
Um 19.00 gouf d'Versammlung durch dë Präsident Laurent Winkin lancéiërt. An zu aller Freed wooren dunn direkt 55 Teilnehmer bäigeschalt, engt Resultat, waat bei dën öffentliche Generalversammlungen seelen konnt erreecht giän.
Gudd organiséiërt, disziplinéiërt a strukturéiërt han déi eenzel "Referenten" dunn durch dën Owend gefouërt, aagefong mam Sonja Schruppen an dëm Edy Weber, déi dën Aktivitéitsbericht an dë Keesebericht fir d'Eltrevereenigung presentéiërt han.
Dono hat dë Meyers Luss, d'Dani Heintz, d'Véronique Schmitz an déi nei Directrice van dër Maison Relais, d'Madame Romaine Schmitz, dë Projet Bildungshaus virgestalt, är dën Architekt Florian Bylow vam Architektebüro Holweck an Bingen d'Pläng vam neiën Bildungshaus virgestallt hat.
Déi genau Pläng vam Bildungshaus kann Dër Eech ënnert dësem Link Pläng Bildungshaus op eiser Homepage aakucken.
Dono hat d'Madame Maja Devetak vam Landschaftsarchitektebüro MDL s.à.r.l. dann o na ee Bléck op d'Aussenarchitektur geworf.
Fir daat Ganzt méiglichst interessant an iwersiichtlich ze gestalten haaten déi eenzel "Referenten" eng ganz anschaulich Bildschirmpräsentatioun virbereet, déi Dër eech gär hei drënner kannt aakucken.
Aafschléissend kruut dë Buergermeester Marcel Thommes na d'Wuärt, deen dër Eltrevereenigung Merci gesoot hat fir hir gudd Aarbicht am Interesse van eise Kanner. Heen hat dann o betount, dat heen frou wiir, dat dën Projet Bildungshaus no villen Jooren intensiver, mee néidiger Planung, wou all Säiten gehéiërt goufen, lo endlich aus dëm Status vam "Projet" rauskéim, vu dat Enn dës Joores 2021 mam Bau van dër 1. Bauphase vam Bildungshaus soll aagefong giän.
Een aafschléissende Patt konnt dëst Joor nët offréiërt giän, mee dë Laurent Winkin hat aafschléissend aan all d'Nolauschterer a Nokuckerten appeléiërt fir positiv an optimistisch an d'Zukunft ze kucken, an dër Hoffnung, dat all d'Léckt sich dann d'nächst joor rëm "en présentiel" a gläicgbleiwend héiger Teilnehmerzahl an engem Sall kënnten rëmtreffen.
An dër Photosgalerie krët Dër ee klengen Abléck an dën Aafloof van dër Generalversammlung.
Wen d'Generalversammlung am Nahhinein "live" wëllt verfolligen, de kann dat ënnert dëm Link "Opzeechnung van der Generalversammlung 2021" maën.