Sonndeg, 8. Juni 2025

News


Ofschlossfeier an der Crèche

2022-09-09

Ofschlossfeier fir déi kleng Kiemelkiddies

Den 2. September haten déi “kleng” Kiemelkiddies mat hiren Elteren eng flott Ofschlossfeier op der Spillplaz. Am Sand spillen, mat de Bobbycar flitzen an rutschen hunn dunn hongereg gemaach. Eng lecker Grillwuuscht koum dunn gudd. Als Erënnerung un hier Zäit am Grupp, konnten Kanner zesummen mat hiren Elteren ën T-shirt molen. D`Erzéiherinnen haten e flotten Austausch mat den Elteren an déi grouss Kanner aus dem Grupp konnten Äddi soen, befiert se déi aner Woch an den nächsten Grupp wiesselen.

Den 26. August konnten Kanner aus dem Grupp Päiperlek mat hiren Familljen sech bei guddem Wierder an der “Helzer Klaus” Äddi soen. Flott Spiller an der Natur, ë gudden Maufel an flott Gespréicher hunn den Nomëtteg gudd gefëllt.

Mer wënschen all de Kanner an Elteren e gudden Start an der Schoul an an hirem neien Grupp.

Merci fir déi gudd Zesummenaarbecht.

Mat beschte Gréiss

D`Erzéiherinnen aus der Crèche

Le 2 septembre une fête de clôture a été organisée sur l’aire de jeux pour les “petits” Kiemelkiddies et leurs parents. Jouer dans le sable, rouler avec les bobbycar et glisser sur les toboggans ont ouvert les appétits. Les saucisses grillées étaient alors les bienvenues pour tous. Afin de garder un souvenir de leur ancien groupe les enfants pouvaient, ensemble avec leurs parents, décorer un T-shirt. Les éducatrices et les parents ont passer un agréable moment ensemble. Les enfants ont dit au revoir à leur amis et éducatrices avant de changer de groupe la semaine suivante.

Le 26 août les enfants du groupe “Paiperlèck” ainsi que leurs familles se sont rassemblés à la “Helzer Klaus” afin de se dire au revoir. Les jeux dans la nature, des snacks ainsi que de chouettes discussion ont animés tout l’après-midi.

Nous souhaitons à tous les enfants ainsi qu’à leurs parents une bonne rentrée à l’école et au sein de leur nouveau groupe.

Merci pour la bonne collaboration

Salutations

Les éducatrices de la crèche





Summervakanz "Um Kiemel"

2022-07-28

Sait dem 15 Juli ass Vakanz, an och bei eis an der Maison Relais hunn mir gudd an d'Vakanz gestart, mat eisem neien Projet "Kiddiesummer", deen gréisstendeels op eisem Site stattfannen soll. D'Kanner kréien Dag vir Dag ee grousse Choix vun Aktivitéiten op eisem Site ugebueden, sie kennen dann selwer auswielen, op waat sie an deem Moment Loscht hunn. Vum Holzatelier, Natur & Chill, der Ludothéik, Kichenatlier, Kreativatelier, Bewegungsatelier bis Gesellschaftsspiller, alles ass mat dobai.  Natierlech bléift niewent all Aktivitéit och daat klassescht Fraispill op. Bis lo hunn mir schon vill flott Deeg zesummen hei um Site verbuecht an virun allem waren d'Kanner mam neie System zefridden an hunn sech sou lues och drun gewinnt (sou wéi d'Personal och :) . Iwwerzeegt Iech selwer vun eisem "Kiddiesummer" an kuckt d'Fotoen hei :  





Scheckiwerreechung an dër Schoul um Kiemel

2022-07-14

Gelegentlich van dër Schoulsportwoch am Mount Juni han all d'Kanner Kilometren um Velo gesammelt. Mat deem ganze Vëlofueren, koumen och eng etlich Kilometer zesummen. Di ganz Schoul ass zesummen 9.628,273 km während dër Schoulsportwoch an dër Schoul pedalléiert. An dat och nach net fir näischt! D’Gemeng huet sech et net huele geloss an huet 1.500 Euro gespend fir den Asaz vun de Kanner. Hinnen dofir ee grousse MERCI. Hei gesi mër een Deel van de Kanner gelegentlich van dër Scheckiwerreechung, déi de 14.Juni iwert d'Bühn gung.
Dë Scheck gung aan d’Associatioun „Reech eng Hand Elwen a Wëntger“.

Am Naam van dër Associatioun hat d’Ingrid Scholzen dë sportliche  Kanner an dër Gemeng Merci gesoot fir dës substanziell Ënnerstëtzung.

Wen méi iwert d'Schoulsportwoch am Allgemengen wëll wossen, ka folgende PDF oproufen.

 





Summerfest an dër Schoul um Kiemel

2022-07-09

Bei excellentem Wiädder haat d'Eltrevereenigung an Zesaammenarbicht mat dër Maison Relais an dër Schoul um Kiemel den 7. Juli op hirt traditionellt Summerfest invitéiërt, nodems daat coronabedingt jo déi lest Jooren haat mussen ausgesatt giän.

Zesaamen mat hirem Léiërpersonal haaten d'Kanner aus dë Cyclen 1 bis 3 flott Dänz a Ligder astudéiërt, déi sie als Start vam Summerfest am Amphitheater viraan dër Schwämm opgefouërt han. D'Kanner haaten hire Spaass bei dësen Opféirungen, obschons déi eng oder anner zimlich opgeregt wooren fir viraa sou engem grousse Publikum opzetrëdden. 

Mee noom Optrëtt wooren së all déck zefridden, well während dën Optrëtter an o dono han d'Léckt sie aagefeiërt an han hinnen applaudéiërt fir hir liäwig Presentatioun.

No dësem musikalischen Optakt gung ët viraan mat engem Concert van dër Jugendmusik van dër Wëntger Musik, är dunn daat eigentlicht Summerfest mat Spill a Spaass fir Grouss a Kleng lancéiërt gouf.

Vill Léckt haaten sich um Site afond an ha van dën Angeboter sur Place profitéiërt. Niäwent Sprangschlass, Kleeterwand, Tracteursparcours, Bällebad, Glécksrad, Intefëschen, an, an, an, haaten d'Organisateure natiirlich o fir daat leiwligt Wool gesüarrigt. Wen ët léiwer deftig haat, konnt sich beim Grill mat Thüringer, Käsebeißer, Burger, Vegiburger, Fritten... verwiänne lossen. Déi Glëstrig haaten Obst, Waaflen, Popcorn, ... am Angebot. 

A wen selwer wollt bëssen hannert dëm Feiër sëtzen koum um "Stockbrotstand" op seng Kästen.

Géint 11 Auër goufen d'Dëscher an d'Bänken sou luäs beieneegeklappt, waat ewer nët verhënnert hat, dat sich lo na vill Gäst  rondrëm den attraktive Comptoir versammelt han, fir do na déi eng oder anner Stënnchen am Stoën ze verbrengen.

Alles an allem woor ët engt gelongent Fest fir all Bedeeligt a mër hoffen, dat dë Cru 2023 dann genau sou gudd wärt giän.

Wen sich ee klengen Iwerbléck iwert d'Fest wëll verschaffen, kann déi folgend Galerie opmaën. Um Link hei drënner krët dër dann o d'Athmosphäre van dën Dänz mat. Vill Spaass beim Raluussen!

P.s.: Well ët zimlich vill Photoën ze kucke gët, brauch d'Galerie ee Moment fir ze laaden!
An der Galerie fann dër o d'Photoën, déi mam KLICKOMAT gemaat goufen.



Bouchpräis vam "Comité Auschwitz" fir de Cycle 4.2.

2022-07-04

Gelegentlich van dër Comémoratiounsfeiër beim Denkmool zu Fünfbrunnen hat de "Comité Auschwitz" den 3. Juli alle Kanner aus dëm Cycle 4.2. engt Bouch geschenkt, wou d'Thematik van dër Juddeverfolgung an irgendenger Form opgegraff gët. Leider konnten d'Kanner an d'Léiërpersonal aus dëm Cycle 4.2. nët perséinlich bei dër Feiër dobäi sën, well sie richt fregdes aus hirer Vakanz an dë Vogesen zréck komm wooren. Stellvertretend fir sie hat dë Buergermeester Marcel Thommes d'Béicher vam Präsident vam "Comité Auschwitz", dëm Här Marc Schoentgen, entgéintgeholt, fir de Kanner së mat op Wëntger an d'Schoul ze huällen, an së hirer Bestëmmung ze iwergiän. Dëm "Comité Auschwitz" een décke Merci fir dëse generéise Geste, mat dem d'Mémoire bei eise junke Generatiounen aam Liäwen  gehaal gët.
Photoën zur Comémoratiounsfeiër fand dër an dër Galerie hei drënner.
Wegder Infoën iwert dën Zentrum Fünfbrunnen fand dër o an där selwischter Galerie.

En Internetsite mat Infoën zum Zentrum a sengen Aktivitéiten www.cinqfontaines.lu gët aktuell opgebaut.




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot