Mëttwoch, 10. September 2025

News


Schoulfest den 8. Juli 2012

2012-07-02

Wéi all Joors lied d'Eltrevereenigung an Zesaamenaarbicht mam Léierpersonal all Kanner mat hiren Eltren op hirt Schoulfest an, daat dëst Joor Sonndes, den 8. Juli iwert d'Bühn geet.

Niäwt engem flotte Rahmeprogramm mat Spiller an Ateliers'ën, stin o na Optrëtter va Kanner aus dëm Cycle 2 (15.00 Auer) an 4 um Programm.D'Jugendformatioun van dër Wëntger Musik spillt ab 13.00 Auer ee Concert. Um 14. Auer ass d'Cadeausiwerreechung fir eis Kanner aus dëm Cycle 4.2., déi dann o um 17.00 Auer fir ee "Gala-Mätch" géint d'Léierpersonal aantrëdden. Flott Ausstellungen va Projet'ën, déi am Loof vam lesten Trimester an de Cycle 3 a 4 entstann sën, kënnen de ganzen Daag besichtigt giän.

A wéi all Joors fängt daat Ganzt natiirlich o rëm mat dër well traditioneller Kannermass aan, zu där dër all härlich um 10.45 Auër mat äre Kanner an de Centre culturel invitéiërt sët!

A wann da jidfereen do gudd matgebiädd hat, da schenkt eiser Här äis dann o fläicht déi néidig Sonn, déi daat Ganzt dann zu engem richtige Fest wärt maën!



Soirée française le 8 juin 2012

2012-06-03

Le 8 juin 2012 les classes du cycle 4.2. organisent une soirée française où les invités sont principalement les parents d'élèves.

La soirée est organisée dans le cadre d'un vol dehors à Paris, où les classes 4. 2. veulent cofinancer leur sortie avec des actions lancées au cours de l'année scolaire 2011 - 2012. Dans le même cadre les classes 4.2. avaient déjà orgnaisé l'action "Schoul um Kiemel goes CARWASH" dont vous pouvez consulter les photos dans le dossier photos en annexe.

En annexe veuillez trouver le programme de la soirée.



Schoulsportdag 2012

2012-05-24

Muären fënt bei äis um Site de Schoulsportdag statt. Hoffentlech sëdd der all a Form.
8:15 Fackelloof
Ab 9 Auer: Sportsaktivitéiten bis 16 Auer.

Dee genauë Programm van den Aktivitéiten fand dër am folgenden PDF



Grouss Schoulfoire den 17. März zu Wëntger / Foire des écoles le 17. mars à Wincrange

2012-03-07

Fir genau Informatiounen zur Foire ze kreiën kann dër de folgenden PDF opmaën!
Pour obtenir de plus amples informations en relation avec la foire des écoles veulllez consulter le PDF en annexe!



Kannerbéicherausstellung an Spillsaachen-Okkasiounsmaart vam 28.3. bis den 1. Abrëll

2012-03-07

Am Zäitraum vam 28. März bis den 1. Abrëll ass eis Eltrevereenigung rëm ganz aktiv. Sie organiséiërt an deenen Deeg eng Kannerbéicherausstellung mat Autorenlesungen, souwéi dë Spillsaachen-Okkasiounsmaart, wou d'Kanner ab dëm Cycle 3 hir Spillsaachen, déi sie nët méi brauchen aan de Mann kanne brengen.

Hei dë Programm van dene 4 Deeg am Iwerbléck:

Donnegdig 29.3.
14.00-18.00 auer
Leesungen mam Sonja Grethen,
eng lёtzebuerger Kannerbicherautorin, sie liest aus hiren Bicher
(z.B. Null bock oder Den Hugo vum Nordpol) viir.
Sie ass moies mat hirem Hugomobil an der Schoul

Fregdes 30.3.
16.00-19.00 auer

Samsdes 31.3.
10.00-12.00 an 14.00-18.00

Sonndes 1.4.
10.00-12.00 an 14.00-18.00
Mettes mat Spillsaachen-Okkasiouns-Maart


Fir méi genau Informatiounen kann dër dee folgende PDF opmaën.


 Pdf.pdf (467 KiB)




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot